A Portugal huet de Gerson Rodrigues a sengem éischte Match fir AVS direkt e Gol geschoss. Eng Victoire gouf et am éischte Match awer keng.

An der 2. Bundesliga an Däitschland huet Köln mat 1:0 géint Schalke gewonnen. Den decisive Gol huet den Downs an der 43. Minutt geschoss. De Lëtzebuerger Mathias Olesen stoung bei de Kölner an der Startformatioun, huet an der 39. Minutt Giel gesinn a gouf an der 57. Minutt ausgewiesselt. Fir den Olesen war et no senger Blessur den zweeten Asaz beim FC. An der Woch hat hien och an der Coupe géint Leverkusen gespillt.

Nom Match huet den Trainer vu Köln Gerhard Struber de Lëtzebuerger gelueft. Hie wier e Spiller, deen déi néideg Rou hätt an et kéint ee sech och op hie verloossen. Dowéinst hätt hien dem Spill och haut nees gutt gedoen.

Déi Kölner stinn no 21 Spilldag un der Spëtzt vun der Tabell. Op de Plazen zwee an dräi Hamburg a Kaiserslautern mat all Kéier 38 Punkten. Köln wëll nom Ofstig nees den direkten Opstig an déi 1. Bundesliga packen.

An der 1. Bundesliga huet St. Pauli mat 0:2 zu Leipzig verluer. Den Danel Sinai ssouz bei de Gäscht op der Ersatzbänk. An der Tabell steet een op der 14. Plaz. Et huet een eng Avance vu 7 Punkten op d'Relegatiounsplaz.

Am belsche Championnat huet Royale Union Saint Gilloise mam Anthony Moris 2:1 zu Courtrai gewonnen. D'Lëtzebuerger Nummer 1 stoung wéi gewinnt tëscht de Pottoen a war och de Kapitän. An der Tabell steet SG den Ament op der drëtter Plaz mat néng Punkte Retard op de Leader Genk.

An der 2. Liga an der Belsch huet de Laurent Jans mat Beveren 2:0 zu Seraing gewonnen. De Lëtzebuerger stoung vun Ufank un um Terrain an huet an der 76. Minutt Giel gesinn.

Am rumänesche Championnat huet Hermannstadt mam Vahid Selimovic 1:1 géint Petrolul gläichgespillt. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun an huet de Match duerchgespillt.

Bei der 2:1-Victoire vu Sabah Baku géint Turan am Championnat am Aserbaidjan koum de Vincent Thill bei der Lokalekipp net an den Asaz.

Am hollännesche Championnat ass Breda mam Enes Mahmutovic zu Waalwijk mat 5:0 ënnergaangen. De Lëtzebuerger souz 90 Minutten op der Bänk.

Samschdeg

Am portugisesche Championnat hat de Gerson Rodrigues e Samschdeg den Owend säin éischten Asaz fir säin neie Veräin AVS. De Lëtzebuerger gouf an der 72. Minutt agewiesselt an huet Sekonne viru Schluss säin éischte Gol markéiert. Fir d'Victoire sollt et awer net duergoen. AVS louch nämlech mat 0:2 géint Santa Clara hannen, sou datt de Lëtzebuerger op 1:2 verkierze konnt, ma méi war net méi dran. AVS kämpft géint den Ofstig.

Ganz anescht gesäit et bei Benfica Lissabon aus. Der Ekipp mam Leandro Barreiro ass et e Samschdeg gelongen, de Retard op de Leader Sporting Lissabon op 4 Punkten ze verklengeren. Benefica huet sech mat 3:2 géint Moreirense behaapt. An der Paus stoung et 3:1 fir d'Lokalekipp. De Barreiro gouf an der 69. Minutt agewiesselt.

Hei fannt Dir d'Resultater vum portugisesche Championnat.

An der 2. däitscher Bundesliga huet Elversberg auswäerts mat 3:0 géint Darmstadt, d'Ekipp vum Florian Kohfeldt gewonnen a feiert déi éischt Victoire am Joer 2025. D'Saarlänner, mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte huet no 21. Spilldeeg 32 Punkten um Konto.

Iwwerdeems souz de Tim Kips an der 3. Däitscher Liga bei Erzgebirge Auer iwwer 90 Minutten op der Bänk. Aue huet hei 1:1 géint Alemannia Aachen gespillt. Domat steet Aue an der Tabell weider 1 Punkt virun Aachen op der 11. Plaz.

An der 2. Liga an der Belsch huet Francs Borains mam Alessio Curci mat 1:0 beim RFC Léck gewonnen. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a gouf an der 65. Minutt ausgewiesselt. Den decisive Gol ass an der 82. Minutt duerch de Prunier gefall. An der Tabell steet Francs Borains op der 9. Plaz.

Am serbesche Championnat huet Vojvodina mam Seid Korac 0:0 géint Partizan gespillt. De Lëtzebuerger huet de Match duerchgespillt a steet mat sengem Veräin op der 6. Plaz an der Tabell.

Am bulgaresche Championnat huet CSKA Sofia mam Mica Pinto den Derby bei Slavia Sofia mat 0:1 verluer. De Lëtzebuerger souz de ganze Match op der Bänk.

Freideg

An der franséischer Ligue 2 huet Bastia auswäerts mat 2:0 géint Rodez gewonnen. De Florian Bohnert gouf op Säite vu Bastia an der 85. Minutt agewiesselt. Nom 22. Spilldag steet Bastia op der 9. Plaz an der Tabell.