Am Kellerduell an der Bundesliga hu sech Kiel a Bochum mat engem 2:2 getrennt.

Um Sonndeg waren och eng Partie Lëtzebuerger Futtballer am Ausland mat hire Veräiner am Asaz. De Mathias Olesen huet mat Köln géint Schalke gewonnen a steet weider op der éischter Plaz an der 2. Bundesliga.

FA Cup

Plymouth - Liverpool 1:0
1:0 Hardie (52', Eelefmeter)

Den FC Liverpool huet sech am FA Cup blaméiert. De kloer favoriséierte Leader an der Premier League huet an de 1/16-Finalle sensationell beim Zweetligist Plymouth 0:1 verluer. De Hardie (52') huet fir den Underdog per Eelefmeter getraff. De Liverpooler Elliott hat dësen duerch en Handspill verursaacht.

Plymouth steet an der 2. Liga op der leschter Plaz.

Aston Villa - Tottenham 2:1

1:0 Ramsey (1'), 2:0 Rogers (64'), 2:1 Tel (90+1')

Bundesliga

Holstein Kiel - Bochum 2:2
1:0 Skrzybski (3', Eelefmeter), 1:1 Boadu (37'), 1:2 Boadu (39'), 2:2 Zec (50')

Véier Goler, haart Zweekämpf, ma kaum Beweegung um Wupp vun der Tabell: Holstein Kiel an de VfL Bochum trëppelen nom Remis am Kellerduell vun der Futtball-Bundesliga op der Plaz. Kiel, aktuell den Zweetleschten an der Tabell, huet beim 2:2 géint e spilleresch besseren Tabelleleschte Bochum de Sprong op déi 16. Plaz verpasst, Bochum waart nach ëmmer op déi éischt Auswäertsvictoire an dëser Saison.

Kiel war schonn an der 3. Minutt duerch en Eelefmeter vum Skrzybski mat 1:0 a Féierung gaangen. Bochum huet sech dovunner awer net laang geschockt gewisen. Mat zwee Goler bannent 123 Sekonnen duerch Boadu hunn d'Gäscht de Match kuerz virun der Paus gedréint. Ma de Bochumer huet sech nach virun der Paus blesséiert a konnt net méi weiderspillen. An der zweeter Hallschent ass Kiel an der 50. Minutt duerch den Zec den Ausgläich gelongen.

Leipzig - St. Pauli 2:0
1:0 Sesko (16'), 2:0 Simons (35')

Ugefouert vum Simons hat Leipzig no e puer méi schwierege Wochen nees en Erfollegserliefnis an der Bundesliga. Géint den Opsteiger St. Pauli huet Leipzig sech wichteg dräi Punkten an der Lutte ëm d'Champions-League-Plaze geséchert. De Xavi, deen am Wanter fest vum PSG verflicht gouf, huet den éischte Gol vum Sesko virbereet. Duerno huet den 21 Joer ale Spiller selwer getraff.

Den Danel Sinani souz bei St. Pauli de komplette Match op der Bänk.

Serie A

Lazio Roum - AC Monza 5:1

1:0 Marusic (31'), 2:0 Pedro (57'), 3:0 Castellanos (63'), 4:0 Pedro (77'), 4:1 Sensi (86', Eelefmeter), 5:1 Dele-Bashiru (88')

Lazio Roum hat virun den eegene Spectateure keng Probleemer géint den Tabelleleschte Monza. Louch een an der Paus zwar just mat 1:0 a Féierung esou huet d'5:1-Schlussresultat awer eng kloer Sprooch geschwat. Duerch d'Victoire bleift Lazio op der véierter Plaz an der Tabell.

Venedeg - AS Roum 0:1
0:1 Dybala (57')

SSC Neapel - Udinese Calcio 1:1

1:0 Mc Tominay (35'), 1:1 Ekkelenkamp (44')

Duerch den 1:1 géint Udinese Calcio huet de Leader an der Serie A Neapel säi Virsprong an der Tabell minimal ausgebaut. Den Tabellenzweeten Inter huet nämlech de Weekend verluer. Béid Veräiner trennen elo 4 Punkten. Bergamo op der drëtter Plaz ass op 5 Punkten un de Leader erukomm.

Ligue 1

Olympique Lyon - Stade Reims 4:0

1:0 Tagliafico (36'), 2:0 Tolisso (68'), 3:0 Cherki (79'), 4:0 Mikautadze (90+3')

SCO Angers - Olympique Marseille 0:2

0:1 Rabiot (69'), 0:2 Maupay (74')

La Liga

FC Sevilla - FC Barcelona 1:4

0:1 Lewandwoski (7'), 1:1 Vargas (8'), 2:1 Lopez (46'), 3:1 Raphinha (55'), 4:1 Garcia (89')