Stuttgart léisst géint Wolfsburg wichteg Punkte leien. Gladbach ass no der Victoire géint Union Berlin un den internationale Plazen drun.

Den Niko Kovac verléiert och säin zweete Bundesligamatch mat Dortmund. Am klenge Revierderby géint Bochum souz et eng 0:2-Defaite fir déi Schwaarz-Giel, déi domat weider am Niemandsland vun der Tabell stinn. Bochum konnt nach virun der Paus vun zwee séiere Goler vum Masouras profitéieren, déi Dortmund kal erwëscht hunn. De BVB hat virun der Paus nach d'Méiglechkeet op den Uschloss, mee hat net déi néideg Reussite. Och no der Paus blouf den ambitionéierte Veräi vum Trainer Kovac vill schëlleg. Bochum hat souguer e puermol d'Chance op den drëtte Gol. Um Enn ass et eng verdéngt Victoire fir Bochum a wichteg Punkten am Tabellekeller.

Och Stuttgart hat net dat néidegt Gléck op senger Säit. An engem Match, dee gréisstendeels aarm u Golchancë war, gouf et eréischt zum Schluss spannend. Fir d'éischt konnt Stuttgart a Féierung goen - wat verdéngt war, well Wolfsburg komplett ofgemellt war. Aus dem Näischt ass de Gäscht dunn den Ausgläich gelongen an de Match sollt duerch en Agrëff vum VAR decidéiert ginn. Den Arbitter huet no Iwwerpréiwung vun de Biller op Handeelefmeter entscheet, deen d'Wëllef zum glécklechen 2:1 eragesat hunn.

Duerch d'Néierlag vu Stuttgart ass Freiburg laanscht d'Schwaben gezunn. De Sportclub huet beim 1:0 bei St. Pauli awer och net mat Spillfreed geglänzt. Et war e Match ouni vill Golchancen an Iddien op béide Säiten. Freiburg huet virun der Paus en Eelefmeter verschenkt, hat awer virum Ofpëff d'Chance, dass den Hamburger Treu de Ball an den eegene Gol bugséiert huet.

Am leschte Match vum Nomëtteg rett Gladbach den 2:1 géint Union Berlin iwwer d'Zäit an huet domat Kontakt zu den internationale Plazen. Gladbach hätt nach méi Goler schéisse kënnen, virun allem am éischten Duerchgang, huet dës awer ze dacks leie gelooss. Berlin koum an der zweeter Hallschent nees an d'Spill, hat net déi néideg Reussite, fir nach e Punkt doheem ze behalen.

Am Toppmatch tëscht Leverkusen a Bayern München si keng Goler gefall. Fir Leverkusen sinn et zwee verluer Punkten, München ka mat dësem Punkt gutt liewen. Zemools sech an der Tabell näischt verännert. D'Werkself war de ganze Match iwwer déi dominéierend Ekipp, huet hir Chancen awer net genotzt. D'Bayern hunn et fäerdegbruecht, iwwer 70 Minutte kee Schoss op de géigneresche Gol ofzeginn; wat dann och ze wéineg ass.

Wéi et an den aneren europäesche Ligen ausgaangen ass, fannt Dir hei eraus.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell