Real Madrid léisst géint Osasuna Punkte leien. Bergamo verpasst et, den Drock op Neapel héich ze halen. Zu Monaco gouf et e Golfestival.

Benfica Lissabon huet e Samschdegowend an der portugisescher Liga 1:0 géint Santa Clara gewonnen an ass provisoresch bis op ee Punkt um Leader Sporting drun, deen awer nach nozéie kann.

Bundesliga

A sengem zweete Match als Dortmund-Trainer huet den Niko Kovac déi zweet Néierlag kasséiert. Am Spëtzematch tëscht dem Verfollger Leverkusen an dem Tabelleleader Bayern München si keng Goler gefall.

Premier League

Leicester - Arsenal 0:2
0:1 Merino (81'), 0:2 Merino (87')

Mat vill Méi huet sech Arsenal zu Leicester duerchgesat an domat den Drock op Liverpool erhalen. Déi éischt Hallschent war op béide Säiten net schéin unzekucken, bis op d'Chance fir Leicester kuerz virun der Paus. D'Gunners koumen nom Säitewiessel besser an de Match a konnten dem Merino Merci soen, dee mat sengen zwee spéide Goler fir 3 Punkte gesuergt huet.

Fulham - Nottingham 2:1
1:0 Smith Rowe (15'), 1:1 Wood (37'), 2:1 Bassey (62')

D'Serie vun der Iwwerraschungsekipp Nottingham ass fir d'éischt emol eriwwer. Fulham ka sech weider Hoffnungen op dat internationaalt Geschäft maachen.

Manchester City - Newcastle 4:0
1:0 Marmoush (19'), 2:0 Marmoush (24'), 3:0 Marmoush (33'), 4:0 McAtee (84')

Manchester City kënnt sou lues nees an de Flow. Géint den direkte Konkurrent Newcastle hunn d'Skyblues dank dräi Goler vum Neizougang Omar Marmoush dräi wichteg Punkten agesäckelt a leie just nach dräi Punkten hannert der Iwwerraschungsekipp Nottingham op Plaz 3. No den dräi séiere Goler war de Match sou gutt wéi gelaf. De Magpies ass och am zweeten Duerchgang net méi vill agefall, a si hu souguer nach e véierte Gol kasséiert. Manchester City ass also prett fir de Retourmatch géint Real Madrid an der Champions League.

Serie A

Bergamo - Cagliari 0:0

Lazio Roum - Neapel 2:2
1:0 Isaksen (6'), 1:1 Raspadori (13'), 1:2 Marusic (64', Eegegol), 2:2 Dia (87')

Neapel léisst weider Plommen. Et war dat drëtt Gläichspill hannertenee fir d'Napolitaner, déi elo just nach zwee Punkten Avance op Inter Mailand hunn, déi nach e Sonndeg spillen. Lazio bleift dës Saison iergendwéi den Angschtgéigner vum Tabelleleader; no zwou Néierlage gouf et am drëtten Ulaf e Gläichspill. Den Isaksen hat Lazio mat engem schéine Gol a Féierung bruecht, mee de Raspadori konnt séier ausgläichen. Duerno blouwe béid Ekippen d'Entréesgeld schëlleg. Eréischt duerch den Eegegol vum Marusic gouf de Match nees spannend. Wéi Neapel d'Punkte scho sécher gegleeft hat, huet den Dia zougeschloen.

Ligue 1

Marseille - St. Etienne 5:1
1:0 Gouiri (27'), 2:0 Greenwood (50', Eelefmeter), 3:0 Murillo (58'), 4:0 Gouiri (60'), 5:0 Rabiot (77'), 5:1 Stassin (79')

Olympique Marseille huet seng Hausaufgab erfëllt a St. Etienne mat enger décker Packung heemgeschéckt. Den OM séchert domat seng zweet Plaz an der Ligue 1 of, läit awer weiderhi wäit hannert dem PSG.

Monaco - Nantes 7:1
0:1 Ablline (4'), 1:1 Biereth (44'), 2:1 Minamino (45'), 3:1 Ben Seghir (49'), 4:1 Biereth (54'), 5:1 Biereth (64', Eelefmeter), 6:1 Ilenikhena (81'), 7:1 Ilenikhena (90'+5)

La Liga

Osasuna - Real Madrid 1:1
0:1 Mbappé (15'), 1:1 Budimir (58')

Real Madrid verpasst et, Atlético ënner Zuchzwang ze setzen. D'Kinneklech huele just ee Punkt vun Osasuna mat heem. Et war eng enttäuschend Leeschtung vum spuenesche Rekordmeeschter an der zweeter Hallschent. Nom fréie Gol vum Mbappé hätt Madrid no enger hallwer Stonn op 2:0 stelle kënnen, mee de Ball war net kadréiert genuch. Uschléissend war Real just nach zu 10, well de Bellingham no enger Beleidegung géint den Arbitter mat Rout vum Terrain gesat gouf. Osasuna konnt nom Säitewiessel ausgläichen an hätt de Spiiss an de Schlussminutten nach ëmdréine kënnen.

Atlético Madrid - Celta Vigo 1:1
0:1 Aspas (68', Eelefmeter), 1:1 Sörloth (82')

Atlético Madrid kann den Eelefmeter, dee Real Madrid hinnen zerwéiert hat, net verwandelen a bleift ee Punkt hannert dem Lokalrival. Atlético war fréi ee Mann manner, well de Barrios schonn an der 5. Minutt mat Rout vum Terrain geflu war. Madrid huet laang gebraucht, fir sech ze organiséieren. Um Enn konnt Madrid frou sinn, dass de Sörloth hinnen de Punkt gerett huet.