Bochum sammelt mat der Victoire zu München Big Points am Ofstigskampf. Kiel a St. Pauli kréie jeeweils 1 Punkt. Bremen kann no 4 Matcher mol nees gewannen.

D'Fanfrëndschaft tëscht Bayern München a Bochum huet fir 90 Minutte musse rouen, uschléissend duerft de VfL 3 wichteg Punkten am Ofstigskampf feieren. Bochum klappt nämlech iwwerraschend Bayern München 3:2. Am Ufank hat alles no enger klorer Bayern-Victoire ausgesinn - no 30 Minutte stoung et 2:0. Et war awer net den Uschloss vu Bochum, deen de Match aus dem Gläichgewiicht bruecht huet, mee d'Rout Kaart fir de Palhinha kuerz virun der Paus. Domat war München 48 Minutten zu Zéng um Terrain.

Dës fräi Plaz konnten d'Gäscht schonn an der 51. Minutt ausnotzen an ausgläichen. Duerno war et en oppene Match. Béid Ekippen hate Chancen op den drëtte Gol, mee et sollt bis zur 71. Minutt daueren, wéi Bochum den entscheedende Gol gelongen ass. Duerno huet sech d'Ekipp aus dem Ruhrpott mat Hänn a Féiss gewiert a goung als Gewënner vum Terrain. Bochum kann domat d'Resultat aus der leschter Saison widderhuelen.

Den däitsche Rekordmeeschter muss sech awer net grouss iwwer d'Néierlag iergeren, well Leverkusen säin Heemmatch géint Bremen 0:2 verluer huet an den Ofstand vun 8 Punkten domat bestoe bleift. Bremen war schonn an der 7. Minutt no enger Feelpass vum Leverkusener Hermoso duerch Schmid a Féierung gaangen. Leverkusen huet wuel versicht, de Match ze dréinen, mee ouni Erfolleg. An der Nospillzäit ass Bremen nach den zweete Gol gelongen.

Dortmund kënnt einfach net an den Tratt. No zwou Victoirë gouf et géint Augsburg nees eng Néierlag. 0:1 stoung fir d'Bayern no 90 Minutten am Westfalenstadion. Domat sinn Augsburg an Dortmund elo punktgläich (35 Punkten).

Och Stuttgart leeft dem Erfolleg hannendrun. Den 2:2 géint Kiel war de véierte Match hannerteneen ouni Victoire. Méi positiv ka St. Pauli op den 1:1 géint Wolfsburg kucken. No véier Matcher ouni eegene Gol konnten d'Hamburger de Ball mol nees am géigneresche Filet ënnerbréngen. Fir Kiel wéi fir St. Pauli kann dëse Punkt am Ofstigskampf um Enn nach wichteg ginn.

An der Owespartie sinn tëscht Freiburg a Leipzig keng Goler gefall. Freiburg konnt sech awer iwwer e Veräinsrekord freeën: De Golkipp Atubolu ass elo iwwer 510 Minutten ouni Géigegol an huet domat d'Veräinslegend Richard Golz iwwerholl, deen dës Zuel an der Saison 2000/2001 erreecht hat.

D'Resultater mat Resuméen aus den aneren europäesche Lige fannt Dir hei.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell