An der Bundesliga gouf et fir d'Favoritten net vill ze radetten. De PSG bleift an der Ligue 1 weider ongeschloen.

A Portugal huet Benfica Lissabon 3:0 géint Nacional Funchal gewonnen a Sporting Lissabon, den Tabellenéischten, domat ënner Zuchzwang gesat. Béid Ekippe si fir op d'mannst 24 Stonne punktgläich. De Leandro Barreiro huet ab der 68. Minutt an de Match agegraff.

Bundesliga

Bayern München verléiert géint Bochum, behält awer seng 8 Punkten Avance op Leverkusen, well dat géint Bremen verléiert. De positiven Trend vun Dortmund koum géint Augsburg op en Enn.

Premier League

Nottingham - Manchester City 1:0
1:0 Hudson-Odoi (83')

Nottingham kann no dräi net gewonnene Matcher grad géint de Seriëmeeschter Manchester City gewannen an huet elo nees 4 Punkten Avance op d'Skyblues. An enger ëmkämpfter, awer net héichklasseger Partie hat ManCity am Ufank méi vum Match, konnt doraus awer kee Kapital schloen. Nottingham huet sech quasi bis an d'zweet Hallschent verstoppt, déi éischt Chance hat et awer mat engem flotte Volley a sech. Tëscht der 50. an 80. Minutt wosst keng Ekipp wierklech ze iwwerzeegen an et huet eng Konterattack vun Nottingham gebraucht, fir d'30.000 Zuschauer am City Ground an Extas ze versetzen.

Liverpool - Southampton 3:1
0:1 Smallbone (45'+1), 1:1 Darwin (51'), 2:1 Salah (54', Eelefmeter), 3:1 Salah (88', Eelefmeter)

Um Enn gewënnt Liverpool verdéngt géint den Tabelleleschte Southampton, hat awer méi Krämpes wéi erwaart. D'Gäscht haten an der éischter Hallschent déi besser Chancen a goungen net onverdéngt a Féierung. Liverpool war an dëser Phas net zwéngend genuch virum Gol. Dat sollt sech awer nom Säitewiessel änneren an den Tabellenéischte konnt mam zweete Schoss op de Gol ausgläichen. Duerno ass de Match zugonschte vun de Reds verlaf, déi zwee Eelefmeteren zougesprach kruten, déi vum Salah verwandelt goufen. Southampton hat deem näischt méi entgéintzesetzen. Liverpool baut seng Avance op Arsenal provisoresch op 16 Punkten aus.

Serie A

Lecce - AC Mailand 2:3
1:0 Krstovic (7'), 2:0 Pierret (56'), 2:1 Gallo (68', Eegegol), 2:2 Pulisic (73'), 2:3 Pulisic (81')

Den AC Mailand kann no dräi Néierlagen nees eng Victoire feieren. Géint den Ofstigskandidat Lecce huet et awer laang esou ausgesinn, wéi wann d'Mailänner nees als Verléierer vum Terrain goe géifen. Eréischt mam Eegegol vum Gallo goung e Ruck duerch d'Ekipp a sou konnt de Pulisic nach mat zwee Goler fir eng Victoire suergen. Mailand steet weider am Mëttelfeld vun der Tabell, Lecce hätt d'Punkte gutt gebrauche kënnen.

Ligue 1

Rennes - PSG 1:4
0:1 Barcola (27'), 0:2 Ramos (50'), 1:2 Brassier (52'), 1:3 Dembélé (90'+3), 1:4 Dembélé (90'+3)

Paräis bleift an der nationaler Liga weiderhin ongeschloen. De Seriëmeeschter huet och bei Stade Rennes gewonnen, konnt sech awer eréischt spéit kloer ofsetzen. De PSG hat de Match gréisstendeels ënner Kontroll, mee duerch den Uschloss vu Rennes gouf de Match nach eng Kéier spannend. An der Nospillzäit huet den Dembélé mat zwee Goler de Sak zougemaach.

Lille - Montpellier 1:0
1:0 David (50')

De Géigner vu Borussia Dortmudn an der Champions League ka sech géint den Tabelleleschte Montpellier behaapten an huet weider gutt Chancen, d'nächst Joer nees international ze spillen. Aktuell sinn si 5., wat eng Plaz an der Europa League bedeit.

La Liga