Remis fir ManCity, Real Madrid wënnt no Réckstand

© AFP
An der Partie géint Brighton ass ManCity net iwwer en 2:2 erauskomm a fir Real Madrid hunn zwee Goler vum Kylian Mbappé de Match gedréint.
Am internationale Futtballchampionnat gouf an England d'Suite vum 29. Spilldag gespillt, wou Manchester City sech mat engem 2:2-Remis misst zefridde ginn. Och tëscht Everton a West Ham si sech d'Punkte gedeelt ginn.
A Spuenien konnt den Tabelleleader Real Madrid donieft ee fréie Réckstand nach an dräi Punkten ëmmënzen an och an der italieenescher Serie A wënnt den AC Mailand no Réckstand nach géint Como.
Premier League
Everton - West Ham 1:1
0:1 Soucek (67'), 1:1 O'Brien (90+1')
Manchester City - Brighton 2:2
1:0 Haaland (11'), 1:1 Estupinan (21'), 2:1 Marmoush (39'), 2:2 Hinshelwood (48')
Manchester City ass duerch een Eelefmeter vum Erling Haaland fréi a Féierung gaangen. Eng couragéiert Ekipp aus Brighton huet sech awer vill zougetraut a konnt nëmmen zéng Minutte méi spéit duerch de Pervis Estupinan ausgläichen. An enger animéierter éischter Hallschent war et dann den Omar Marmoush, deen aus ronn 20 Meter kuerz virun der Paus op en neits fir City a Féierung brénge konnt. Dräi Minutten nom Säitewiessel huet ee Corner dann op 2:2 gestallt an d'Partie fir de Rescht rëm richteg oppe gehalen. Ëmmer nees konnt Brighton staark no vir konteren a war engem drëtte Gol net all ze wäit fort. Um Enn sollt et awer bei der Punktendeelung bleiwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Udinese - Hellas 0:1
0:1 Duda (72')
AC Mailand - Como 2:1
0:1 da Cunha (33'), 1:1 Pulisic (53'), 2:1 Reijnders (75')
AC Mailand ass et gelongen e Réckstand nach an eng Victoire ze dréinen. No 33 Minutten hat de Lucas da Cunha d'Lokalekipp bestrooft, déi sech an der Ufanksphas däitlech ze passiv gewisen huet. An der zweeter Hallschent huet AC dann een anert Gesiicht gewisen a konnt am Numm vum Christian Pulisic op 1:1 ausgläichen. Fir d'Decisioun huet 15 Minutte viru Schluss den Tijjani Reijnders gesuergt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Nantes - Lille 1:0
1:0 Mostafa Mohamed (83')
Angers - Monaco 0:2
0:1 Biereth (77'), 0:2 Akliouche (88')
Lens - Rennes 1:0
1:0 Said (47')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Villareal - Real Madrid 1:2
1:0 Foyth (7'), 1:1 Mbappé (17'), 1:2 Mbappé (23')
Real Madrid war schonn no siwe Minutten duerch ee Gol vum Juan Foyth a Réckstand geroden. Mam éischte richtegen Ugrëff konnten d'Gäscht aus Madrid awer séier eng Äntwert weisen an duerch de Kylian Mbappé ausgläichen. Nëmme siwe Minutte méi spéit stoung de Fransous eng weider Kéier op der richteger Plaz an huet op 2:1 fir seng Ekipp gestallt. Nom Säitewiessel huet sech Real weider net wierklech souverän konnte weisen, sou dass Villareal déi eng oder aner Chance op en Ausgläich krut. Um Enn sollt et awer duergoen a Madrid bleift provisoreschen Tabelleleader a Spuenien.
Girona - Valencia 1:1
0:1 Lopez (58'), 1:1 Stuani (64')