Lars Gerson spréngt anDe Vahid Selimovic fält fir d'Lännermatcher géint Schweden an d'Schwäiz aus

RTL Lëtzebuerg
D'FLF huet an engem Schreiwes matgedeelt, datt sech de Lëtzebuerger Defenseur de Weekend blesséiert huet.
© Val Wagner (Archiv)

De Vahid Selimovic ka wéinst enger Blessure net bei de Lännermatcher vun de Roude Léiwe géint Schweden an d’Schwäiz matwierken. Den Defenseur soll sech bei sengem aktuelle Veräin, dem FC Hermannstadt aus Rumänien, de Weekend blesséiert hunn. Weider Detailer zu der Blessure goufe keng genannt. Ersat gëtt hie vum 97-fachen Nationalspiller Lars Gerson, deen zanter Kuerzem beim Progrès Nidderkuer ënner Vertrag steet.

E Samschdeg spillt d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp am Stade de Luxembourg e Frëndschaftslännermatch géint Schweden. En Dënschdeg geet et dann zu St. Gallen nach géint d’Schwäiz.

Communiqué de presse FLF

Back to Top
CIM LOGO