
An der Axa League vun den Damme war déi lescht zwou Woche Paus, well d'Nationalekipp zesummekoum, fir zwee Matcher géint Groussbritannien an der WM-Qualifikatioun ze spillen. Wann d'Championnat dëse Weekend weidergeet, wäert de Stéphane Mina net méi op der Trainerbänk vun der Red Boys Déifferdeng sëtzen.
Wéi de Veräin aus der Cité du Fer e Méindeg op de Sozialen Netzwierker wësse gedoen huet, ass de Fransous aus fräie Stécker an aus perséinleche Grënn vu senge Funktiounen als Dammen-Trainer zeréckgetrueden. Dobäi hat hien an de leschte Wochen nach perséinlech matgehollef, weider Verstäerkung fir d'Ekipp ze generéieren.
De Mina hat d'Déifferdengerinnen am Mee fir d'éischt als Interim iwwerholl, nodeem de Michel Scheuren säin Amt fir déi lescht Matcher zur Verfügung gestallt hat. No der Saison, déi mat Plaz 3 ofgeschloss gouf, sollt de Mina eng nei Ekipp opbauen an am Championnat uewen ugräifen. Wien d'Dammen-Ekipp iwwerhuele wäert, steet nach net fest.
Scho leschten Dënschdeg hat den HB Esch, Tabellenéischten an der Promotioun, op senger Homepage matgedeelt, dass d'Zesummenaarbecht mam Dammen-Trainer Laurent Melchior fäerdeg wär. Weider Grënn huet de Veräin am Schreiwes net genannt an huet och net op Nofroe vun RTL reagéiert.
Bis op Weideres gëtt d'Ekipp vun de Gebridder Luc a Marc Fancelli gecoacht. Opfälleg ass, dass si scho beim Match vum 10. Oktober (10 Deeg virun der offizieller Matdeelung) géint d'Entente Bieles/Péiteng un der Säitelinn stoungen, wéi et um Spillbou vun der FLH steet.
Den uewe genannte Michel Scheuren ass zënter Summer neie Jugendkoordinator vum HB Esch a gouf RTL-Informatiounen no och gefrot, fir de Posten ze iwwerhuelen. Aus gutt ënnerriichte Quellen heescht et, hie sollt awer ofgesot hunn a wéilt sech op d'Jugendaarbecht konzentréieren. Méi realistesch wär et, dass d'Fancelli-Bridder d'Rudder ganz iwwerhuele géifen.
Esch war d'lescht Saison no e puer Joer an der Axa League an d'Promotioun ofgestigen a wëll nees zeréck an déi iewescht Liga.