Charel Grethen verpasst Finall iwwer 1500 Meter

© AFP
Den Ament ass zu Nanjing a China d'Indoor-Weltmeeschterschaft an der Liichtathletik.
E Freideg hat de Charel Grethen säi Retour op der internationaler Liichtathetikbün. De Lëtzebuerger ass op der Indoor-Weltmeeschterschaft a sengem Virlaf iwwer 1500 Meter de Fënnefte mat enger Zäit vun 3 Minutten, 38 Sekonnen an 10 Honnertstel ginn. Domadder verpasst de Lëtzebuerger de Sprong an d'Finall. Nëmmen déi zwee éischt Leefer aus all Virlaf an een Zäitschnellsten hu sech fir déi lescht Ronn qualifizéiert.

© Screenshot
D'Finall iwwer 1500 Meter gëtt e Sonndeg gelaf.
An der Nuecht op e Samschdeg geet d'Patrizia van der Weken iwwer 60m un den Depart. D'Lëtzebuergerin zielt no Bronze op der EM och bei der WM zu de Medailekandidatinnen. Sollt d'Lëtzebuergerin et an d'Halleffinalle respektiv an d'Finall packen, da kënnt Dir dës e Samschdeg de Mëtteg live op RTL kucken. En Interview mam Patrizia van der Weken an hirem Trainer Arnaud Starck fannt Dir hei an eisem Artikel.