St. Pauli, Freiburg an Augsburg konnten hir Matcher spéit decidéieren. Hoffenheim mécht mam 2:0 géint Mainz e grousse Schratt Richtung Klassenerhalt.

D'Titelverdeegegung vu Bayer Leverkusen gëtt ëmmer méi onrealistesch. Nom 0:0 géint Union Berlin huet d'Werkself fënnef Punkte Réckstand op Bayern München, déi et uschléissend verpasst hunn, op 8 Punkten ewechzezéien. Union Berlin bleift de fënnefte Match hannerteneen ongeschloen. Den amtéierende Meeschter war kloer déi dominéierend Ekipp an der éischter Hallschent, koum awer géint eng staark Berliner Defense net zu ville Golchancen. An der zweeter Hallschent huet sech dat selwecht Bild gebueden: Leverkusen ass ugerannt, mee koum net duerch, an huet souguer mussen op Berliner Konter oppassen. Och d'Comeback vum Florian Wirtz huet der Ekipp vum Trainer Xabi Alonso net gehollef.

Freiburg kann no fënnef Matcher ouni Victoire nees eng Kéier gewannen. Géint Gladbach konnt sech de Sportclub aus dem Breisgau eréischt spéit duerchsetzen a gewënnt 2:1. Déi éischt Hallschent hat vill Schwong a sech an d'Spectateuren hunn zwee Goler gesinn, een op all Säit. Gladbach goung duerch en Eegegol vum Freiburger Günter a Féierung, huet awer direkt am Géigenzuch den Ausgläich kasséiert. De Lëtzebuerger Tiago Pereira huet bei dësem Gol net gutt ausgesinn. Och duerno hat Freiburg méi vum Spill. Dat sollt och nom Säitewiessel sou weidergoen. Freiburg huet ugegraff, mee de Pereira konnt sech méi wéi eng Kéier auszeechnen. Gladbach koum just vereenzelt duerch Konter zu Entlaaschtung. An der Nospillzäit huet et nach eng Kéier am Gladbacher Gol gerabbelt a Freiburg konnt verdéngt 3 Punkte mat heem huelen.

St. Pauli entscheet den Ofstigskrimi fir sech. An zwar eréischt an der Nospillzäit. Kiel war an der 21. Minutt a Féierung gaangen, mee den Danel Sinani konnt 13 Minutte méi spéit per Volley fir d'Hamburger ausgläichen. Bis an d'Paus war Kiel awer déi méi staark Ekipp. De Sinani war och an der zweeter Hallschent vu villen Offensivaktioune vu St. Pauli bedeelegt, déi awer méi am Ufank waren. Duerno war de Match virun allem vun Aktiounen am Mëttelfeld gepräägt. Wéi jidderee gemengt hat, de Match géif gläich ausgoen, huet den agewiesselten Noah Weisshaupt fir St. Pauli an der Nospillzäit zum 2:1 getraff. Kiel bleift domat mat 18 Punkte Leschten, wärend St. Pauli elo 7 Punkten tëscht sech an der Relegatiounsplaz huet.

Hoffenheim gewënnt endlech nees eng Kéier a mécht duerch den 2:0 géint Mainz, déi nach vun der Champions League dreeme kënnen, e grousse Schratt a Richtung Klassenerhalt. Bochum dogéint kasséiert spéit eng 1:2-Néierlag géint Augsburg a verpasst domat wichteg Punkten am Ofstigskampf.

Am Spëtzematch tëscht Bayern München a Borussia Dortmund gouf et kee Gewënner. Béid Ekippen hu sech 2:2 getrennt. Bayern hat déi éischt Hallschent méi vum Match, konnt seng Chancen awer net a Goler ëmmënzen. Och well den Dortmunder Kobel staark gehalen huet. Dortmund huet sech virun allem op d'Defense konzentréiert. Mam 1:0 fir de BVB nom Säitewiessel gouf de Spillverlaf op d'Kopp geheit. München huet laang gebrauch, fir ze konteren, an huet dunn direkt zweemol zougeschloen. No 69 Minutte war de Rekordmeeschter 2:1 vir. Kuerz drop konnt den Anton fir Dortmund nees egaliséieren. D'Gäscht hate kuerz viru Schluss nach eng grouss Méiglechkeet, fir awer dräi Punkte mat heem ze huelen.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell