Fir déi aner Lëtzebuerger gouf et um Sonndeg zwou Victoiren, ee Remis an eng Defaite. De Seid Korac huet fir seng Ekipp e Gol markéiert.

Benfica huet a Portugal géint Arouca 2:2 gläich gespillt an ass an der Tabell op der 2. Plaz, punktgläich mat Sporting. De Leandro Barreiro souz am Ufank op der Bänk a gouf kuerz viru Schluss beim Stand vun 2:1 fir Benfica agewiesselt. Den 2:2 ass an der Nospillzäit gefall.

AFS huet zu Braga mat 1:4 de Kierzere gezunn. De Gerson Rodrigues ass blesséiert a stoung net am Kader.

A Serbien gouf et eng 3:1-Victoire fir Vojvodina géint Lucani. De Seid Korac stoung vun Ufank un um Terrain an huet de wichtegen 1:0 markéiert. Hien huet donieft och eng ganz gutt Leeschtung gewisen, gouf an der Nospillzäit vum Match ausgewiesselt an huet sech säin Applaus ofgeholl.

En 2:2-Remis gouf et an der 2. Belscher Liga tëscht Beveren an der U23 vu Bruges. De Laurent Jans stoung wéi gewinnt de ganze Match um Terrain. An der Tabell gesäit et den Ament gutt aus, datt een et an d’Playoffs fir den Opstig packt.

An der Nuecht op e Sonndeg huet de Maxime Chanot mat Los Angeles FC 2:1 géint San Jose gewonnen. Den Ofwierspiller gouf an der 67.Minutt ausgewiesselt.

Samschdeg

St. Pauli konnt géint Kiel déi aacht Victoire an dëser Saison verzeechnen an den Danel Sinani war direkt doru bedeelegt. Kiel war wuel a Féierung gaangen, mee de Lëtzebuerger Nationalspiller konnt an der 34. Minutt per Volley ausgläichen. De Sinani hat och an der zweeter Hallschent zwou gutt Golchancen, déi awer net eragoungen. Hie gouf an der 87. Minutt ausgewiesselt a stoung beim decisive Gol vum Noah Weisshaupt net méi um Terrain. St. Pauli huet elo 7 Punkte Virsprong op d'Relegatiounsplaz.

Fir den Tiago Pereira ass et dogéint net sou gutt gelaf. De Lëtzebuerger Golkipp huet beim 1:2 vu Gladbach géint Freiburg zweemol mussen hannert sech gräifen. Beim Ausgläich an der 16. Minutt huet de Pereira net ganz glécklech ausgesinn, huet duerno awer nees seng Qualitéiten ënner Beweis gestallt. Beim zweete Freiburger Gol konnt hien näischt maachen.

D'positiv Serie vun Elversberg an der zweeter däitscher Liga geet weider. Am Spëtzematch géint Hannover konnte sech d'Saarlänner mat hirem Co-Trainer RaphaelDuarte 3:1 behaapten an hu weider gutt Chancen op den Opstig an d'Bundesliga. Elversberg huet an der Paus missen en 0:1-Réckstand ophuelen. Dat ass hinnen duerch 3 Goler vum Asllani am zweeten Duerchgang gelongen.

An der héchster belscher Liga gewënnt Union St. Gilloise mam Anthony Morris 2:0 am Derby géint Anderlecht. Mat dëser Victoire hunn d'Bréisseler weiderhin all Méiglechkeet, fir Champion ze ginn. De Morris stoung 90 Minutten tëscht de Pottoen.

ZSKA Sofia an de Mica Pinto sinn zënter e puer Wochen nees an der Spuer a kënne mat e bësse Chance um leschte Spilldag souguer nach an de Playoff ëm den Titel sprangen. Sofia huet um virleschte Spilldag 2:0 géint Plovdiv gewonnen a sech domat seng Plaz am Playoff, fir d'Conference League ze spillen, geséchert. De Mica Pinto stoung bei dëser Victoire iwwer 90 Minutten um Terrain.

Net sou gutt ergaangen ass et dem David Jonathans mat Den Bosch an der hollännescher Eerste Divisie. Si si bei Dordrecht 0:4 ënner d'Rieder komm. Véier Spilldeeg viru Schluss hu si 2 Punkte Réckstand op eng Playoff-Plaz, fir an d'Eredivisie opzesteigen.

Freideg


Den FC Köln bleift weider Tabellenzweeten an der zweeter däitscher Bundesliga. Duerch den 1:1 bei Greuther Fürth konnt den Effzeh Hamburg net vun der Tabellespëtzt verdrängen. Et war dat sechst Gläichspill vu Köln an dëser Saison. Köln konnt den 0:1-Réckstand kuerz virun der Paus duerch en Eelefmeter vum Waldschmidt egaliséieren, mee duerno sollt kenger Ekipp méi e Gol geléngen. De Mathias Olesen huet den Ufank vum Match vun der Bänk aus suivéiert a gouf an der 69. Minutt agewiesselt.


Fir den Dirk Carlson a St. Pölten gouf et um 23. Spilldag eng 1:2-Néierlag beim SV Stripfing an der zweeter éisträichescher Liga. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller goung wuel a Féierung, mee Stripfing konnt dëse Réckstand mat zwee séiere Goler bannent 7 Minutten dréien. De Carlson dobäi stoung wärend 90 Minutten um Terrain.

LNZ Cherkasy huet sech déi drëtt Néierlag hannertenee gefaangen a muss sech nees no ënne kucken, fir net ofzesteigen. Géint den Tabellendrëtten Schachtar Donezk stoung et no 90 Minutten 1:4 fir d'Ekipp vum Olivier Thill, déi op Plaz 10 leiend just nach 4 Punkten Avance op eng Relegatiounsplaz huet. Cherkasy louch schonn an der Paus 0:3 hannen. Den Trainer huet beim Säitewiessel mat dräi Awiesslunge reagéiert, a sou koum den Thill zu sengem Asaz. Hie konnt awer net méi vill un der Néierlag änneren. 

Am Spëtzematch vun der bosnescher Liga hu sech FK Sarajevo a Zrinjski Mostar 0:0 getrennt. Domat bleift den Ecart tëscht dem Tabellendrëtten an dem Tabellenzweete bei 8 Punkten. FK Sarajevo, de Veräi vum Mirza Mustafic, huet 6 Punkten Avance op de Lokalrival an direkte Konkurrent Zeljeznicar Sarajevo a steet weiderhin op enger Plaz, fir d'nächst Saison an der Conference League ze spillen. De Mustafic gouf an der Paus agewiesselt.

A Rumänien hu sech Hermannstadt a Petrolul um 4. Spilldag vun der Ofstigsgrupp 1:1 getrennt. Béid Ekippe sti mat 26 respektiv 25 Punkten un der Spëtzt vum Playoff, hunn awer just 4 respektiv 3 Punkten Avance op d'Relegatiounsplazen. De Vahid Selimovic kann Hermannstadt am Moment wéinst enger Blessur net hëllefen.