Ënnenof gouf et Victoirë fir Wolz a Rodange. Stroossen an Nidderkuer hu sech donieft an der Tabell nees laanscht de Racing geschafft.

Um Sonndeg war d'Suite vum 24. Spilldag an der BGL Ligue.

Diddeleng huet sech mat 3:0 géint Munneref behaapt an huet domadder de fréizäitegen Titel vun Déifferdeng verhënnert. D'Heemekipp war an der 1. Hallschent dominant an ass duerch Goler vun Hadji a Fernandes mat enger 2:0-Féierung an d'Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet den F91 de Match geréiert, vun de Gäscht koum offensiv och ze wéineg. An der 75. Minutt huet de Stumpf den 3. Gol markéiert. Et war gläichzäiteg och de leschte Gol vun der Partie.

Wolz hat am Kellerduell keng Problemer fir sech mat 2:0 géint Monnerech ze behaapten. An den éischte 45 Minutten ass et hin an hier gaangen, de Gorny konnt fir Wolz awer den 1:0 markéieren. Mat deem Resultat ass et och an d'Paus gaangen. Nom Téi huet de Saidi séier per Eelefmeter op 2:0 erhéicht. Bis zum Schluss ass näischt méi passéiert an et sollt beim 2:0 fir Wolz bleiwen.

Um Samschdeg hat de Racing Hesper geklappt an Déifferdeng war Beetebuerg mat 1:0 iwwerleeën.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Diddeleng - Munneref 3:0
1:0 Hadji (7'), 2:0 Fernandes (34'), 3:0 Stumpf (75')

Wolz - Monnerech 2:0
1:0 Gorny (38'), 2:0 Saidi (48')

Rouspert - Hueschtert 1:2
0:1 Fernandes (30'), 0:2 Leroux (36'), 1:2 Vogel (56')

Rodange - Jeunesse 2:0 
1:0 Messuwe (60'), 2:0 Dzanic (90+2')

Stroossen - Péiteng 4:0
1:0 Bernardelli (38'), 2:0 Albuquerque De Souza (44'), 3:0 Albuquerque De Souza (66'), 4:0 Azong (80')

Fola - Progrès 0:2
0:1 Burban (29'), 0:2 Burban (76')

D'Tabell