De Racing konnt de Match an de leschte Minutten decidéieren. Déifferdeng muss nom 1:0 géint Beetebuerg op d'Diddelenger Resultat e Sonndeg waarden.

Um Verluerekascht gewënnt de Racing 3:1 géint de Swift Hesper an ass elo nees op zwee Punkten drun.
E Sonndeg kann Nidderkuer mat enger Victoire bei der Fola Esch laanscht Hesper zéien.

De Racing war d'Ekipp, déi an der éischter Hallschent méi investéiert hat. Si goufe mam Gol vum Mabella an der 16. Minutt belount. E bëssen aus dem Näischt ass dunn den Ausgläich fir Hesper gefall. D'Lokalekipp huet weider Drock op d'Hesper Defense ausgeüübt an den Dewalque hat an der 39. Minutt déi bescht Chance op den 2:1. D'Gäscht waren awer och net ontäteg an hu sech e puermol virum géigneresche Gol gewisen, awer net wierklech geféierlech. De Racing konnt nom Säitewiessel mat der éischter gudder Chance no engem Corner nees a Féierung goen. Duerno ass de Match gréisstendeels verflaacht, och wann Hesper e puer gutt Aktiounen hat. Bis an d'Schlussphas eran war de Match vu Fouls a Verletzungspausen dominéiert. Eréischt an de Schlussminutte koum Hesper nees zu gudden Aktiounen, mee de Mabella konnt mat sengem zweete Gol de Sak zoumaachen.

Déifferdeng huet seng Hausaufgabe gemaach, fir e Sonndeg, 6 Spilldeeg viru Schluss, schonn de Championstitel feieren ze kënnen. Dofir brauch et awer eng Néierlag vun Diddeleng géint Munneref. Den amtéierende Champion huet den Opsteiger Beetebuerg doheem 1:0 geklappt.

Resumé Déifferdeng-Beetebuerg / Reportage Serge Olmo

Déifferdeng war schonn an der 4. Minutt duerch de Buch a Féierung gaangen, wéi deen de Ball no engem Feeler vum Beetebuerger Golkipp aus fënnef Meter am Filet ënnerbrénge konnt. Och duerno hat d'Lokalekipp méi vum Match a war dem 2:0 méi no wéi Beetebuerg dem Ausgläich. Nom Säitewiessel hunn déi 467 Spectateure laang more Kascht ze gesi kritt. De Match huet virun allem vun der Spannung gelieft wéi vun de Golchancen. Déifferdeng huet eréischt an der 82. Minutt eng éischt Kéier op de géigneresche Gol geschoss. Mee och Beetebuerg huet net vill zustane kritt, sou dass et beim 1:0 fir Déifferdeng blouf.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de GolerRacing - Hesper 3:1

1:0 Mabella (16'), 1:1 David (27'), 2:1 Monge (57'), 3:1 Mabella (90'+6)

Déifferdeng - Beetebuerg 1:0
1:0 Buch (4')

D'Tabell