E Sonndeg stoung am nationale Futtballchampionnat de leschte Spilldag um Programm, wou et nach zu enger Rei Decisioune komm ass.

D'UNA Stroossen bréngt d'Saison als Zweeten op en Enn a spillt domadder an der nächster Saison d'Qualifikatioun fir d'UEFA Conference League. Fir den Ofschloss ass virun den eegene Spectateuren en 1:0-Succès géint de Champion Déifferdeng gelongen.

Op international Rees geet et an der Qualifikatioun fir d'Conference League dann och fir den F91 Diddeleng, deen um Enn duerch eng däitlech 5:0-Victoire géint Beetebuerg Drëtte gëtt.

Well mam F91 an Déifferdeng scho béid Coupe-Finalisten en internationalen Ticket sécher hunn, geet et och fir de Racing als Véierten duer, fir nächst Saison europäesch ze spillen. Um leschte Spilldag konnt sech de Stater Veräin mat 2:0 géint Rodange behaapten.

Batter ass et dogéint fir de Progrès Nidderkuer, deen trotz enger 7:2-Victoire doheem géint Monnerech um Enn d'Saison zwee Punkten hannert dem Racing ofschléisst.

Mam Bléck ënnen op d'Tabell stounge béid Ofsteiger mat Monnerech a Fola scho fest. Nieft Beetebuerg muss dann och Wolz an d'Barragematcher géint den Ofstig goen, dat nodeems een trotz tëschenzäitlecher Féierung just 2:2 géint Hueschtert gespillt huet.

Gléck hat dogéint den FC Rodange, deen trotz der Defaite géint de Racing um Enn wéinst der Goldifferenz punktgläich mat der Barrageplaz an der BGL Ligue bleift.

An der Éierepromotioun huet um leschte Spilldag Käerjeng nieft Mamer den direkten Opstig gepackt.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

D'Tabell