Käerjeng packt den direkten Opstig an d'BGL Ligue
Duerch eng kloer Victoire zu Miersch steigt Käerjeng zesumme mat Mamer direkt op, wärend Biissen a Kanech nach an de Barragematcher eng Chance kréien.
Och an der Éierepromotioun gouf e Sonndeg de leschte Spilldag gespillt. Nieft dem Champion FC Mamer steigt och Käerjeng direkt an d'BGL Ligue op. Dat no enger klorer 5:0-Victoire géint Marisca Miersch.
An de Barrage fir den Opstig geet et deemno fir d'Ekipp vu Biissen, déi sech bei engem 1:1-Remis zu Rëmeleng d'Punkte gedeelt huet. Dann huet sech Kanech mat 3:0 géint Feelen duerchgesat a geet domadder als Véierten an d'Barragematcher,
Da stoung och scho fest, datt et fir Schëffleng, sou wéi fir den FC Koeppechen an d'Barragematcher géint den Ofstig geet, wärend den Avenir Beggen an d'US Sandweiler direkt erof mussen.
Och an der BGL Ligue sinn um leschte Spilldag nach eng Rei Decisioune gefall.