Red Boys klappen Esch, schwéier Woche fir Käerjeng

© Serge Olmo
Déifferdeng feiert mam 33:27 zu Esch seng zweet Victoire. Dikrech konnt sech zu Käerjeng duerchsetzen a Bierchem hat keng Problemer mam Standard.
Axa League Hären
D'Red Boys feieren hir zweet Victoire. No 60 Minutte stoung et 33:27 fir Déifferdeng géint den HB Esch. Virum Match war et d'Fro, wéi Esch mat der héijer Néierlag an dem Ausscheeden am European Cup lescht Woch ëmgéing. De Spillverlaf war änlech wéi géint Vogosca.
Et war en intensive Match, an deem sech béid Ekippen näischt geschenkt hunn. No 10 Minutten hate béid Ekippe scho jeeweils zwou Zäitstrofen um Kont. D'Intensitéit hat an den direkte Roude Kaarte fir den Tom Krier (Esch) an den Enzo Jean Louis (Red Boys) no enger Véierelstonn hiren Héichpunkt. Uschléissend war et bis zur Paus op béide Säiten en Op an Of an Déifferdeng goung mat 17:14 an d'Kabinnen. Op Escher Säit konnt de Golkipp Chris Menster op sech opmierksam maachen.
Déi Schwaarz-Wäiss ware bis an d'47. Minutt engem Réckstand vun 2 Goler hannendru gelaf, mee duerno huet sech den deziméierten a scho klengen Escher Kader bemierkbar gemaach. Déifferdeng huet mat engem 8:2-Laf den Deckel dropgemaach. D'Schlussresultat spigelt awer net de Spillverlaf erëm, well Esch eng ganz kämpferesch Leeschtung gebueden huet. Déifferdeng war einfach méi clever an hat déi méi breet Bänk.
A sengem éischte Match vun der neier Saison huet den HC Bierchem beim 42:27 kuerze Prozess mam HC Standard gemaach. De Stater Veräin huet fir dës Saison jo héich Ziler ausginn, konnt seng Ambitioune géint den amtéierende Coupegewënner awer net ënner Beweis stellen. Ab der 15. Minutt konnte sech d'Réiserbänner kontinuéierlech ofsetzen a louchen an der Paus 19:13 vir. An der 37. Minutt louch d'Ekipp vum Trainer Marko Stupar eng éischt Kéier op 10 Goler vir an huet dëse Virsprong bis zum Schluss op 15 Goler ausgebaut. De Bierchemer Raphael Guden war mat 13 Goler beschte Buteur. Fir de Standard steet d'nächst Woch mam Duell géint Rëmeleng e wichtege Match un.
Den HB Käerjeng steet no zwee Matcher mat null Punkten do. Mam 28:30 géint den direkte Géigner Chev Dikrech gouf et e weidere Réckschlag fir déi jonk Ekipp vum Trainer Ben Schuster. Domat konnt Dikrech a sengem éischte Match vun der Saison déi éischt Victoire feieren.
Zënter der Néierlag géint de Standard fir den Optakt ass Käerjeng sech der neier Realitéit bewosst. D'Ekipp, déi virun 3 Joer de Meeschtertitel just wéinst dem méi schlechte Golverhältnis verpasst hat, konnt de ganze Match iwwer ni a Féierung goen. No enke 15 Minutte huet Dikrech ëmmer méi den Ecart gemaach a louch an der Paus 15:10 vir.
Tëscht der 35. an der 45. Minutt war de Momentum op Käerjenger Säit. Déi Gréng konnte mat engem 9:3-Laf aus engem 11:17 en 20:20 maachen, mee duerno krut sech Dikrech gefaangen a konnt d'Avance vun zwee Goler iwwer d'Zäit retten. Domat feiert den neien Trainer Blagojce Krstev a sengem éischte Match déi éischt Punkten.
Axa League Dammen
Déifferdeng huet géint Käerjeng en éischt Ausruffzeeche gesat an de Champion 28:23 geklappt. D'Gäscht konnte wuel den éischte Gol markéieren, dat war awer och déi eenzeg Féierung fir déi Gréng am ganze Match. Duerno konnt Déifferdeng mat engem 4:0-Laf direkt en Ecart maachen.
Dem Dan Mauruschatt huet net gefall, wat seng Dammen op den Terrain bruecht hunn an huet beim Stand vun 4:8 mat engem Timeout reagéiert, deen awer net vill bewierke sollt. D'Déifferdenger Damme ware gutt agestallt an hu sech net beiere gelooss. Och wa Käerjeng an der Paus nees op ee Gol (13:14) dru war, ass d'Ekipp vum Trainer Michel Scheuren roueg bliwwen a konnt sech duerno e Virsprong vun 3 Goler erausspillen, dee si konstant gehalen hunn. An de leschte Spillminutten ass dëse souguer op 6 Goler ugewuess, woumat kloer war, dass Déifferdeng als Gewënner vum Terrain goe sollt.
Am zweeten Heemmatch huet den HB Museldall seng Qualitéiten ënner Beweis gestallt an den HB Esch mat 39:10 heemgeschéckt. D'Ekipp vum Trainer Jeff Paulus war mat engem 12:1-Laf an de Match gestart, woumat den Deckel séier drop war. Nom 18:5 an der Paus hunn d'Miselerinnen den Tempo weider héich gehalen a sech fir den ustoenden Duell mam HB Diddeleng waarm geschoss. D'Noemie Hoffmann huet géint hiren Ex-Club 6 Mol markéiert.
Den HB Diddeleng huet beim HC Standard seng zweet Victoire gefeiert a gréisst no der Néierlag vu Käerjeng vun der Tabellespëtzt. Den HBD konnt sech 34:10 zu Bouneweg duerchsetzen. D'Stater hunn 12 Minutte fir den éischte Gol gebraucht, do hat d'Ekipp ronderëm d'Kim an d'Joy Wirtz schonn 9 geschoss. Trotz dem 19:6 an der Paus hunn d'Fiiss hire Stiwwel weider erofgespillt an haten an der Paula Mputu Lozano an der Svenia Gambini mat jee 7 Goler déi bescht Buteusen.