Esch verpasst nächst Ronn vum European Cup

© Yannick Glod
Den HBE huet en Avantage vun 11 Goler aus dem Allermatch hierginn a verléiert no 7-Meter-Schéissen 31:44 géint RK Vogošca.
No enger gréisstendeels souveräner Victoire e Samschdeg huet den HB Esch et e Sonndeg verpasst, de Sak zouzemaachen an an d'nächst Ronn vum European Cup anzezéien. No 60 Minutte stoung de selwechte Score wéi e Samschdeg um Tablo (42:31), dës Kéier just aus bosnescher Siicht. D'Decisioun ass am 7-Meter-Schéisse gefall, wou Esch kee Schoss am Gol ënnerbrénge konnt. Domat war d'Sensatioun fir d'Bosnier vollbruecht.
E Samschdeg hat den HBE virun allem an der zweeter Hallschent seng leefereg Virdeeler ausgenotzt an de physesche Géigner aus Bosnien ausgespillt an dobäi vun enger staarker Leeschtung vum Golkipp Hugo Figueira profitéiert. Dës hunn d'Spiller vum Rajko Milosevic e Sonndeg virun allem an der zweeter Hallschent vermësse gelooss.
D''Gäscht aus Bosnien-Herzegowina hunn alles dofir gemaach, de Réckstand vun 11 Goler séier opzehuelen, an hire physesche Virdeel geschéckt agesat. Dëse Laf war awer just vu kuerzer Dauer. D'Partie huet direkt mat e puer hëtzege Situatiounen ugefaangen, d'Arbitteschen aus Frankräich haten d'Gemidder awer séier berouegt. Esch huet säin éischte Gol eréischt no 5 Minutten duerch de Felix Werdel markéiert, war duerno awer am Match.
No 10 Minutte stoung et 3:3 a kuerz drop konnt den HBE a Féierung goen, déi si an den éischten 30 Minutten net méi ofginn hunn. Den Trainer vu Vogošca huet mat engem Timeout versicht, seng Hären nees an d'Spuer ze bréngen; dat hat awer keen Erfolleg. Si si wuel an der Defense nach haart duergefuer, haten am Ugrëff awer net déi néideg Reussite an hunn ëmmer méi technesch Feeler produzéiert. Dovun huet Esch profitéiert a konnt de Virsprong bis op maximal 4 Goler ausbauen. Donieft hate si mam Hugo Figueira e staarke Réckhalt an ab der 15. Minutt och an der Defense méi Zougrëff.
D'Bosnier hu sech an der 24. Minutt duerch eng Disqualifikatioun selwer geschwächt, konnten awer virun der Paus aus engem 12:16 e 17:18 maachen. Hinnen hunn dee Moment awer nach ëmmer 13 Goler gefeelt, fir an en nächsten Tour ze kommen.

© Yannick Glod
An der zweeter Hallschent war Esch komplett vun der Roll. Well d'Lokalekipp déi éischt Minutten net op der Héicht war, konnt Vogošca dovu profitéieren a sech nees eng Féierung erausspillen. Dës ass bis an d'43. Minutt op 5 Goler ugewuess.
No engem Timeout vum Rajko Milosevic hat et gewierkt, wéi wann Esch sech nees fonnt hätt, mee dat war just vu kuerzer Dauer. Fir 10 Minutte konnt een de Réckstand konstant bei 4 Goler halen, mee wat de Schluss vum Match ëmmer méi no koum, ass Esch ëmmer méi d'Loft ausgaangen an d'Bosnier hunn un d'Sensatioun gegleeft. Fënnef Minutte viru Schluss louch Vogošca 8 Goler vir an d'Polster vun 11 Goler ass weider geschmolt. Mat der leschter Aktioun konnten d'Gäscht de selwechte Score wéi vum Dag virdrun op den Tablo zauberen.
Am uschléissende 7-Meter-Schéissen konnt kee vun de véier Escher Spiller de Ball am Gol ënnerbréngen, wouduerch Vogošca um Enn feieren duerft. Am nächsten Tour spille si géint BK 46 aus Finnland.

© Yannick Glod
Domat ass déi éischt vu véier lëtzebuergeschen Ekippen am European Cup eliminéiert. Bierchem an Déifferdeng sti schonn am zweeten Tour vum European Cup, ob mam HB Diddeleng nach eng drëtt dobäikënnt, entscheet sech nächste Weekend.