Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSt. Pauli wënnt no decisivem Gol vum Sinani, Bundesliga-Debut fir Dardari

RTL Lëtzebuerg
Duerch den 2:1 an der 78. Minutt start St. Pauli mat siwe Punkten aus den éischten dräi Matcher an déi nei Bundesliga-Saison.
© Foto von CHRISTIAN CHARISIUS / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Sonndeg

E weidere Succès gouf et dann an der 1. däitscher Bundesliga fir den FC St. Pauli, dee sech mat 2:1 géint den FC Augsburg duerchsetze konnt. Den Danel Sinani, deen nees an der Starteelef stoung, konnt den decisive Gol an der 78. Minutt markéieren, duerch dee St. Pauli mat zwou Victoiren an engem Remis an déi nei Saison start. Bei Augsburg huet donieft den Aiman Dardari säin Debut an der héchster däitscher Spillklass gefeiert. Hie gouf an der 84. Minutt agewiesselt.

Liest hei de ganzen Artikel vum internationale Futtball.

An der Schwäiz konnt de Marvin Martins no senger Awiesslung an der 72. Minutt kee Punkt méi fir seng Ekipp retten. Zwar war et dem FC Winterthur nach gelongen, op 2:3 ze verkierzen, um Enn ass et awer bei enger Defaite géint den FC Sion bliwwen.

Eng Defaite gouf et dann och fir den Yvandro Borges Sanches an Holland, dee bei Heracles Almelo an der Starteelef stoung a bis déi 70. Minutt gespillt huet. Kuerz viru Schluss war dem AZ Alkmaar nach den decisive Gol fir den 2:1-Endstand gelongen.

An der zweethéchster Liga an der Belsch war et zu engem Lëtzebuerger Duell komm, dat bei der klorer 5:0-Victoire vu Beveren beim OC Charleroi. De Laurent Jans stoung dobäi fir Beveren an der Starteelef a gouf an der 82. Minutt ausgewiesselt. Bei der Lokalekipp vu Charleroi war de Rayan Berberi an der zweeter Hallschent op den Terrain komm. Duerch dëse Succès bleift Beveren weider souverän Tabelleleader mat 15 Punkten no fënnef Matcher.

E gebrauchten Dag war et e Sonndeg fir de Luc Holtz zu Mannheim. Virun den eegene Spectateure war Waldhof schonn no 25 Minutten duerch eng Giel-Rout Kaart an Ënnerzuel. Um Enn stoung eng 0:3-Defaite géint Energie Cottbus an domadder déi éischt Néierlag an der drëtter däitscher Liga fir de fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer.

Samschdeg

De Sébastien Thill ass bei der 1:0 Victoire vu Rzesow géint Pruskow de Matchwinner ginn. De Lëtzebuerger huet an der 24. Minutt den eenzege Gol vum Dag markéiert. Op der Héischt vum Eelefmeterpunkt ass hien un de Ball komm an huet dat ronnt Lieder an de Filet gehummert. Duerch des Victoire huet Rzesow no 9 Matcher elo 14 Punkten um Konto.

An der 2. Liga an Italien spillt de Seid Korac mam FC Venedeg 2:2-Gläich géint Delfino Pescara. Dobäi stoung de Lëtzebuerger Defenseur iwwert déi 90 Minutten um Terrain. No 3. Spilldeeg huet Venedeg 5 Punkten um Konto.

Den Eric Veiga huet an der Superliga an Albanien mat Flamurtari Vlora 1:1-Gläich géint de KF Tirana gespillt. De Veiga huet iwwert déi voll Distanz gespillt a krut dobäi an der 36. Minutt déi Giel Kaart vum Arbitter gewisen. Flamurtari Vlora konnt des Saison nach kee Match gewannen a steet aktuell bei 2. Punkten no 3. Spilldeeg.

A Saudi Arabien huet den Anthony Moris mat Al Khaleej 3:0 géint Al Fayha gewonnen. Nr 1 vun de Roude Léiwen huet zu Null gespillt a stoung wéi gewinnt de ganze Match um Terrain.

Freideg

A Portugal ass de Leandro Barreiro beim 1:1 vu Benfica Lissabon géint Santa Clara an der 72. Minutt fir de Rios agewiesselt ginn. Zu dësem Zäitpunkt louch Benfica nach a Féierung, éier d’Gäscht an der 2. Minutt vun der Nospillzäit den 1:1 Ausgläich markéiere konnten. Benfica huet 10 Punkten no 4 Spilldeeg a steet hannert Porto a Moreirense op der 3. Plaz.

An der 2. Liga a Frankräich spillen Amien a Bastia 0:0. De Florian Bohnert huet bei Bastia vun Ufank u gespillt a gouf an der Schlussphase fir de Meynadier ausgewiesselt. Bastia bleift deemno mat 2 Punkten aus 4 Matcher weider am Tabellekeller vun der Ligue 2 hänken.

St. Pölten huet mam Dirk Carlson an der zweeter Liga an Éisträich 3:1 géint Stripfing gewonnen. De Carlson huet 90 Minutten fir seng Ekipp um Terrain gestanen. St. Pölten bleift ni dëser Victoire weider 1. an der Tabell, daat mat 16 Punkten no 6 Matcher.

An der 2. däitscher Bundesliga huet Bielefeld 2:0 géint Magdeburg gewonnen. Bei de Gäscht stoung de Lëtzebuerger Nationalspiller Eldin Dzogovic an der Startformatioun, gouf no 87. Minutte fir den Hoti ausgewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO