Derbyvictoire fir ManCity géint United, éischte Punkt fir Metz

© AFP
E Sonndeg ass de Ball an de verschiddenen internationale Futtballchampionnater nees gerullt.
An der 1. Bundesliga wënnt St. Pauli duerch ee Gol vum Danel Sinani géint Augsburg, an England bleift Liverpool duerch ee spéiden Eelefmeter weider ouni Punkteverloscht a Manchester City setzt sech am Derby géint United duerch.
An der Serie A gouf et da fir d'AS Roma e Réckschlag doheem géint den FC Turin an a Frankräich konnt Lille dann no der 90. Minutt nach duerch zwee spéit Goler de Match dréinen an e Succès iwwer Toulouse feieren. De PSG bleift hei no enger Victoire géint Lens weider ouni Punkteverloscht Tabelleleader. Iwwerdeems huet den FC Metz no dräi Defaiten den éischte Punkt vun der Saison gesammelt.
Bundesliga
St. Pauli - Augsburg 2:1
0:1 Rieder (16'), 1:1 Hountondji (45'), 2:1 Sinani (78')
St. Pauli huet sech géint den FC Augsburg duerch en decisive Gol vum Danel Sinani mat 2:1 géint Augsburg duerchgesat. Mam Danel Sinani an der Starteelef war et ufanks awer de Gaascht, deen duerch e Kappball vum Fabian Rieder a Féierung goe konnt. Duerno stoungen d'Augsburger zimmlech déif an hunn d'Lokalekipp komme gelooss. Nach virun der Paus sollt et dann en Eelefmeter fir Pauli ginn, deen den Andreas Hountondji am Noschoss hannert d'Linn drécke konnt.
Fir d'Decisioun huet an enger ëmkämpfter zweeter Hallschent dann den Danel Sinani gesuergt, dee mat engem liicht ofgefälschte Schoss säitlech aus 16 Meter an de kuerzen Eck op 2:1 stelle konnt. An der 84. Minutt sollt et dann awer nach ee weideren Héichpunkt aus Lëtzebuerger Siicht ginn. Den Aiman Dardari ass nämlech fir d'Schlussphas agewiesselt ginn an huet domadder säin Debut an der héchster däitscher Spillklass gefeiert.
Gladbach - Bremen 0:4
0:1 Mbangula (15'), 0:2 Stage (26'), 0:3 Schmid (74'), 0:4 Njinmah (81')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Burnley - Liverpool 0:1
0:1 Salah (90+5')
Liverpool huet sech duerch e spéiden Eelefmeter nach géint Burnely duerchgesat. No enger schwaacher éischter Hallschent ouni Goler waren d'Reds mat neiem Schwong aus de Vestiairë komm. Déi eng oder aner Chance gouf sech zwar erausgespillt, dat awer ouni den néidege Succès. An der 84. Minutt war Burnley dann no enger giel-rouder Kaart fir de Lesley Ugochukwu nëmmen nach zu 10. Nach méi schlëmm sollt et dann an der 94. Minutt kommen, wéi den Hannibal de Ball am Strofraum mam Aarm erwëscht huet. Dat huet sech de Mohamed Salah net entgoe gelooss a mat der leschter Aktioun vum Match den 1:0 fir Liverpool geschoss.
Manchester City - Manchester United 3:0
1:0 Foden (18'), 2:0 Haaland (53'), 3:0 Haaland (68')
Manchester City behaapt sech am Derby däitlech mat 3:0 géint United. Virun den eegene Spectateuren hat et nëmmen 18 Minutte gedauert, bis de Phil Foden d'Citizens per Kappball no exzellenter Viraarbecht vum Jeremy Doku a Féierung brénge konnt. ManUnited war zwar och beméit, no 45 Minutten war d'Lokalekipp awer verdéngt vir. Och no der Paus war City besser am Match an huet dann och zwee Mol zougeschloen. Den Erling Haaland huet sech virum Gol ee Mol äiskal gewisen an ee Mol vun engem géigneresche Feeler profitéiert. Domat war d'Saach gutt zwanzeg Minutte viru Schluss sou gutt wéi giess. Manchester United konnt keng Äntwert méi weisen a verléiert um Enn mat 0:3.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
AS Roum - FC Turin 0:1
0:1 Simeone (59')
Atalanta - Lecce 4:1
1:0 Scalvini (37'), 2:0 de Ketelaere (51'), 3:0 Zalewski (70'), 4:0 de Ketelaere (73'), 4:1 N'Dri (82')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Lille - Toulouse 2:1
0:1 Magri (50'), 1:1 Bentaleb (90'), 2:1 Mbappé (90+8')
Lille huet sech duerch zwee spéit Goler nach mat 2:1 géint Toulouse duerchgesat. No enger éischter Hallschent ouni Goler war et de Gäscht no der Paus séier gelongen, den 1:0 ze markéieren. Laang huet et dono ausgesinn, wéi wann Toulouse déi dräi Punkte mat Heem huele géing. Fir d'éischt sollt dann awer en Eelefmeter vum Nabil Bentaleb fir den Ausgläich suergen, éier den Ethan Mbappé an der aachter Minutt vun der Nospillzäit de Match dréinen an déi dräi Punkte fir Lille nach séchere konnt.
PSG - Lens 2:0
1:0 Barcola (15'), 2:0 Barcola (51')
Metz - Angers 1:1
1:0 Gbamin (14'), 1:1 Abdelli (90')
No dräi Defaiten hannerteneen huet den FC Metz sech den éischte Punkt vun der Saison geséchert. Dobäi hat net vill fir eng Victoire géint Angers gefeelt. No 14 Minutte war der Lokalekipp duerch de Jean-Philippe Gbamin de Féierungsgol gelongen, deen an engem ausgeglachene Match laang unhale sollt. Angers hat trotz dem Réckstand net opginn a gouf dann an der 90. Minutt och duerch ee Gol vum Himad Abdelli dofir belount, sou datt sech béid Ekippen um Enn d'Punkten deelen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Vigo - Girona 1:1
0:1 Vanat (12'), 1:1 Iglesias (90+2')
Levante - Betis 2:1
1:0 Romero (2'), 2:0 Eyong (10'), 2:1 Hernandez (45+2')