E Freideg den Owend ass den Optakt vum nationale Basket-Championnat vun den Hären.

Eng Partie steet um Programm, d'Amicale Steesel kritt Besuch vum Opsteiger Kordall Steelers. Déi weider 5 Matcher ginn um Samschdeg gespillt.

Vill Wiessel gouf et am Summer bei den Ekippen. Wéi all Joer wäert et wichteg sinn, wéi staark d'Profispiller sinn, donieft hu sech vill Clibb mat auslänneschen Net-Profie verstäerkt. Eng Ekipp mat villen Ännerungen ass den T71 Diddeleng. Beim Vize-Champion konnt ee mam Nationalspiller Ivan Delgado wuel den Transfertcoup vum Summer verzeechnen. Donieft konnt ee mam Jimmie Lee Taylor ee vun de beschte Profie vum Konkurrent Ettelbréck zeréck op Diddeleng huelen.

Fir den neien Diddelenger Trainer Christophe Ney, deen och den eenzege Lëtzebuerger Coach an der Enovos League bei den Hären ass, sinn d'Ambitiounen zu Diddeleng héich: "Den Haaptfavorit ass weiderhin d'Etzella Ettelbréck als aktuellen Titelverdeedeger. Den T71 war lescht Saison e bëssen iwwerraschend an der Finall, mir hunn eis gutt verstäerkt a probéieren, natierlech e bessert Resultat wéi d'lescht Saison ze erreechen."

Nieft Ettelbréck an Diddeleng gesäit de Lëtzebuerger Coach zwee weider Clibb als direkte Konkurrent: „E weidere Kandidat fir uewe matzespillen ass Steesel. Si hunn zwar mam Bobby Melcher e wichtege Spiller verluer (Enn vun der Karriär), mee weiderhin eng staark Ekipp. D'Arantia Fiels ass sécherlech eng weider Ekipp, déi sech ganz uewe kéint etabléieren."

De Champion Ettelbréck huet mam Yann Wolff e wichtege Spiller verluer (Enn vun der Karriär), sech allerdéngs mam Billy McDaniel verstäerkt. Verloosse ka sech d'Ekipp op de Philippe Gutenkauf, deen déi lescht Joren zum beschten eenheemesche Spiller vun der Liga gewielt gouf.

Wie spillt géint den Ofstig? 

Insgesamt starten 12 Ekippen an der Enovos League bei den Hären. No 22 Matcher spillen déi bescht 8 Ekippen an de Playoffs géinteneen. Op d'mannst déi Plaz 8 ass domat och Zil vu ville Veräiner. Déi véier Ekippen am Tabellekeller spillen am Ofstigsgrupp géinteneen, zwou Ekippe falen direkt eraus an eng Ekipp spillt am Barrage géint den Drëtten aus der Nationale 2. D'Opsteiger Kordall Steelers an de Racing Lëtzebuerg wäerte sech an der héchster Liga beweise mussen. D'Musel Pikes hunn déi lescht Joren heiansdo gewackelt, um Enn d'Kéier awer ëmmer nees kritt. Mamer war d'lescht Saison schonn am Ofstigsgrupp a wëll dëse Grupp 2025/26 sécherlech evitéieren. No e puer Spilldeeg wäerten éischt Tendenzen ze erkenne sinn.

RTL

© FLBB

D'Matcher kënnt Dir nees an der RTL Live Arena kucken. 

D'Resultater an d'Tabell fannt Dir op RTL.lu: