
Den Haas-Pilot Esteban Ocon wäert de Grousse Präis vu Mexico-City dëse Weekend verpassen an duerch de Japaner Ryô Hirakawa ersat ginn.
Grënn ginn ausdrécklech keng genannt. Et ass deemno net ausgeschloss, dass dëse kuerzfristege Wiessel domadder ze dinn huet, dass den Ocon säin Haas-Cockpit Enn vun der Saison souwisou verléiere wäert.