Renovatioun vun Dikrecher Schwämm léisst op sech waarden

© Marc Hoscheid
Well et un Alternative fir d'Lycéeën aus der Géigend feelt, wäerten d'Aarbechte réischt 2030 ufänken.
Doduerch dierften d'Käschten nach méi héich ausfalen, wéi souwisou scho geplangt. D'Geschicht vum Gebai, dat dem Staat gehéiert, ass iwwerdeems duerchaus interessant.
Ufank den 1970er Jore gouf d'Dikrecher Schwämm ageweit. Et war ee vun deenen éischte Projete vum bekannten däitschen Architektebüro "Gerkan, Marg und Partner", deen am Ausland realiséiert gouf. Mëttlerweil gëtt et der eng sëllegen, virun allem a China. Wann architektonesch Ännerungen um Gebai virgeholl ginn, muss de Büro fir d'éischt gréng Luucht ginn. Ma an nächster Zäit wäert sech näischt an der Schwämm doen, op d'mannst a punkto Bauen.
Renovatiounskäschte vun op mannst 52 Milliounen Euro
Wéi et op Nofro hi vum Ministère des travaux publics heescht, wier de Renovatiounsprojet op Demande vum Educatiounsministère en suspens, bis den neien Nordstadlycée zu Ierpeldeng inklusiv Schwämm fäerdeg ass. Aktuell ass geplangt, datt dee seng Dieren am Joer 2030 opmécht. Wat d'Renovatiounskäschten ugeet, sinn 52 Milliounen Euro virgesinn. Hei gëtt awer vum Ministère des travaux publics ënnerstrach, datt den Devis aus dem Oktober 2022 ass an op dem deemolegen Indice baséiert. Fir d'Joer 2022 huet den Educatiounsministère iwwerdeems ronn 265.000 Euro fir d'Exploitatioun vun der Schwämm bezuelt.
Duerch d'Renovatioun kommen also zolidd Käschten op de Staat duer. Mee firwat gehéiert d'Schwämm iwwerhaapt dem Staat an net der Gemeng Dikrech? Normalerweis befanne sech esou Ariichtunge jo a kommunaler Hand.
Dat war zu Dikrech och de Fall, bis de Staat der Gemeng de Sportkomplex, zu deem d'Schwämm gehéiert an e bëssi Terrain ronderëm am Joer 2015 fir 12 Milliounen Euro ofkaaft huet. Dono gefrot, firwat, schwätzen den deemolege Minister vun den Travaux publics François Bausch an den Educatiounsminister Claude Meisch vun enger Zort Package, wou d'Akerbauschoul eng wichteg Roll gespillt hätt. D'Gemeng Dikrech hat sech laang géint de Site iwwert der Schwämm, deen zu Gilsdref an domadder zur Gemeng Bettenduerf gehéiert, gewiert. Et gouf argumentéiert, Dikrech géing just d'Nodeeler vun der Schoul, virun allem den Trafic, spieren. De Staat hätt der Gemeng mam Kaf vun der Schwämm ee Stéck wäit wëllen entgéintkommen. De Claude Meisch ënnersträicht awer och, datt de Staat duerchaus een Interessi dorunner hätt, genuch Kapazitéite fir d'Schwammcoursë vun de Lycéeën aus der Regioun ze hunn.
Zu Ettelbréck gëtt gemunkelt
Aus verschiddenen Ettelbrécker Politikkreesser ass iwwerdeems ze héieren, datt déi Dikrecher et duerch de Verkaf vun der Schwämm ee gudde Krack besser verquësse kéinten, datt d'Nordstadgemengen net als Centre de dévelopement et d'attraction moyen klasséiert sinn an dowéinst net déi selwecht finanziell Ënnerstëtzung vum Staat kréie wéi Esch-Uelzecht. Dikrech an Ettelbréck si jeeweils mol net als Centre régional agestuuft. Wier dat de Fall, hätt zum Beispill Dikrech am Joer 2022 eng Millioun Euro méi kritt. Wann ee bedenkt, datt ee fir d'Schwämm 12 Milliounen Euro krut an op d'mannst 52 Milliounen Euro Renovatiounskäschte gespuert huet, kann een op déi zousätzlech Suen all Joer effektiv eng Zäitche verzichten.