Frankräich gewënnt géint Aserbaidschan, Belsch mat Krämpes géint Nordmazedonien

© AFP
Nodeems sech Kasachstan schonns am spéiden Nomëtteg kloer mat 4:0 géint Liechtenstein behaapte konnt, stoungen owes nach weider Matcher um Programm.
Nieft de Lëtzebuerger, déi sech no enger enttäuschender Leeschtung, kloer hu misse mat 0:4 géint eng dominanten däitsch Ekipp geschloe ginn, hunn och nach aner Natiounen op dësem Spilldag missen untrieden.
Am Grupp B ka sech am Topmatch d'Schwäiz mat 2:0 géint Schweden behaapten. D'Schwäizer stinn no dräi Victoiren no dräi Matcher op der éischter Plaz. D'Schweeden dogéint sti mat just engem Punkt op der leschter Plaz. Am anere Match vum Owend gëtt et kee Gewënner. De Kosovo a Slowenien trenne sech 0:0.
Frankräich ka sech am Grupp D mat 3:0 géint den Aserbaidschan behaapten. Mat 9 Punkte gesäit et fir d'Fransousen deemno gutt aus, datt si sech fir d'Weltmeeschterschaft 2026 qualifizéiere wäerten. D'Spectateuren an Island kruten iwwerdeems e geckege Match mat 8 Goler ze gesinn. Um Enn gouf et eng Victoire fir d'Gäscht aus der Ukrain, déi géint Island mat 5:3 d'Iwwerhand behale sollten.
Am Grupp J konnt Kasachstan4:0 géint Liechtenstein gewannen. Keng Goler gouf et iwwerdeems am Match tëscht der Belsch an Nordmazedonien. Si trenne sech 0:0. Deemno verdeedegt Nordmazedonien seng éischte Plaz. D'Belsch dogéint bleiwen op der zweeter Plaz am Grupp stoen.
Grupp B
Schweden - Schwäiz 0:2
0:1 Xhaka (65'), 0:2 Manzambi (90'+4)
Kosovo - Slowenien 0:0
Grupp D
Frankräich - Aserbaidschan 3:0
1:0 Mbappé (45'+2), 2:0 Rabiot (69'), 3:0 Thauvin (84')
Island - Ukrain 3:5
0:1 Malinovskyi (14'), 1:1 Ellertsson (43'), 1:2 Hutsuliak (45'), 1:3 Malinovskyi (45'+5), 2:3 Gudmundsson (59'), 3:3 Gudmundsson (75'), 3:4 Kalyuzhnyi (85'), 3:5 Ocheretko (88')
Grupp J
Belsch - Nordmazedonien 0:0
Kasachstan - Liechtenstein 4:0
1:0 Kenzhebek (26'), 2:0 Zaynutdinov (28'), 3:0 Kenzhebek (59'), 4:0 Kasym (81')
Grupp A
Nordirland - Slowakei 2:0
1:0 Hrosovsky (18', Eegegol), 2:0 Hume (81')