WM-QualifikatiounIsland iwwerrascht géint Frankräich, Belsch wënnt um Enn kloer géint Wales

RTL Lëtzebuerg
Och an anere Gruppe gouf e Méindegowend den nächste Spilldag an der WM-Qualifikatioun gespillt. Dobäi ass et zu enger grousser Iwwerraschung komm.
© Franck Fife / AFP

Nieft de Lëtzebuerger, déi sech géint d’Slowakei mat 0:2 hu misse geschloe ginn an domadder och dee véierte Match an der WM-Quali verléieren, waren och nach aner Formatiounen an anere Gruppen am Asaz.

Am Grupp B ka sech de Kosovo mat 1:0 géint Schwede behaapten. Den decisive Gol sollt den Hoffenheimer Asllani schéissen. D’Schwede kënne mat dësem Resultat net zefridde sinn, esou sti si elo mat engem Punkt op der leschter Plaz am Grupp. Kee Gewënner gëtt et iwwerdeems beim Match Schwäiz géint Slowenien. Béid Ekippen trenne sech 0:0.

D’Ukräin ka sech am Grupp D mat 3:1 géint den Aserbaidjan behaapten. D’Ukrainer stinn no véier Spilldeeg elo op der zweeter Plaz, wougéint den Aserbaidjan op der leschter Plaz steet. Am zweete Match vum Owend gëtt et iwwerdeems kee Gewënner. Frankräich an Island spillen 2:2 gläich. D’Islänner suergen domadder fir eng grouss Iwwerraschung an dëser WM-Campagne.

Am Grupp J kënne sech d’Belsch mat 4:2 géint Wales behaapten. Dobäi hunn eis Noperen de Match no engem 0:1-Retard gedréit. De Kasachstan an Nordmazedonien deele sech iwwerdeems d’Punkten. Béid Ekippe kommen net iwwert en 1:1 eraus.

Grupp B

Slowenien - Schwäiz 0:0

Schweden - Kosovo 0:1
0:1 Asllani (32')

D'Resuméë vun de Matcher Schwede géint Kosovo a Slowenie géint Schwäiz
Schweden zitt géint de Kosovo de Kierzeren, kee Gewënner gëtt et tëscht der Schwäiz a Slowenien

Grupp D

Ukrain - Aserbaidjan 3:1
1:0 Hutsuliak (30'), 1:1 Akhundzada (45'+3), 2:1 Malinovsky (64'), 3:1 Voloshyn (88')

Island - Frankräich 2:2
1:0 Palsson (39'), 1:1 Nkunku (63'), 1:2 Mateta (68'), 2:2 Hlynsson (70')

D'Resuméë vun de Matcher Island géint Frankräich an Ukrain géint Aserbaidjan
Island geléngt eng Iwwerraschung géint Frankräich, d’Ukrain kann hire Match kloer gewannen.

Grupp J

Nordmazedonien - Kasachstan 1:1
0:1 Karaman (54'), 1:1 Bardhi (74')

Wales - Belsch 2:4
1:0 Rodon (8'), 1:1 De Bruyne (18', Eelefmeter), 1:2 Meunier (24'), 1:3 De Bruyne (76', Eelefmeter), 2:3 Broadhead (89'), 2:4 Trossard (90')

D'Resuméë vun de Match Wales géint Belsch a Kasachstan géint Nordmazedonien
D’Belsch wënnt e flotte Match géint Wales, kee Gewënner gëtt et tëscht dem Kasachstan an Nordmazedonien.

Grupp A

Nordirland - Däitschland 0:1
0:1 Woltemade (31')

De Resumé vum Match tëscht Nordirland an Däitschland
Den Nick Woltemade sollt um Enn den decisive Gol markéieren.

All d’Resultater an d’Tabellen

Back to Top
CIM LOGO