Am Kader vum véierte Match vun der WM-Qualifikatioun krut Lëtzebuerg et mat der Slowakei ze dinn. Um Enn hu sech d'Léiwe missen op en Neits geschloe ginn.

Nodeems et fir d'Lëtzebuerger e Freideg zu Sinsheim eng 0:4-Defaite gouf, wollten d'Rout Léiwen et e Méindegowend géint Slowakei, mat deenen een nach eng Rechnung ophat, besser maachen. D'Rout Léiwe sinn och gutt an de Match gestart, abee hir Golchancë konnte se just net verwäerten. Dëst ass der Slowakei dogéint gelongen. Aus dësem Grond verléiert Lëtzebuerg och de véierte Match an der WM-Qualifikatioun. No 90 Minutte musse sech d'Lëtzebuerger 0:2 géint d'Slowake geschloe ginn.

Déi bescht Zeenen aus dem Match vun de Lëtzebuerger
D'Lëtzebuerger hunn an der éischter Hallschent monter opgespillt, an der zweeter hu si dunn nogelooss.

Am anere Match vum Grupp A haten d'Spectateure vun den Nordire sech an der 14. Minutt iwwert den 1:0 fir hir Faarwe gefreet. Dës Freed war allerdéngs nëmme vu kuerzer Dauer. Dëst well de VAR de Gol wéinst Abseits zréckgeholl huet. An der 31. Minutt konnten déi Däitsch dunn den éischte Gol vum Dag markéieren. Et war de Woltemade, deen e Corner mam Kapp verwäerte konnt. Um Enn sollt an dësem Match och kee weidere Gol méi falen, soudatt Däitschland de Match 1:0 géint Nordirland gewënnt.

De Resumé vum Match tëscht Nordirland an Däitschland
Den Nick Woltemade sollt um Enn den decisive Gol markéieren.

Den Ament stinn d'Slowaken an déi Däitsch no véier Spilldeeg op der éischter Plaz am Grupp A, déi drëtt Plaz beleeën d'Nordiren. D'Lëtzebuerger sti mat 0 Punkten op der leschter Plaz am Grupp.

Déi aner Resultater vun dësem Spilldag souwéi d'Goler fannt Dir an dësem Artikel.

D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger nom Match

De Resumé vum Match

Slowakei - Lëtzebuerg 2:0
1:0 Obert (55'), 2:0 Schranz (72')

D'Goler vum Match Slowakei géint Lëtzebuerg
Ganzer zwee Mol huet de Moris hannert sech gräife missen.

D'Spectateure kruten zu Trnava en ausgeglachene Match ze gesinn, an där béid Ekippen et roueg ugoe gelooss hunn. D'Rout Léiwen hate vill Ballbesëtzphasen an hunn de Ball gutt lafe gelooss. Esou waren et d'Lëtzebuerger, déi an der 13. Minutt déi éischten déck Occasioun haten. Den Dardari konnt vun engem Ballverloscht vum Skriniar profitéieren an eleng a Richtung slowakesche Gol marschéieren. Virum Golkipp hunn dem Lëtzebuerger dunn awer d'Nerve versot, soudatt dësen de Gol mat sengem Schoss verfeelt an eng honnertprozenteg Chance verginn huet. Kuerz drop haten d'Slowaken dunn och eng gutt Méiglechkeet, mä de Strelec konnt dem Hancko seng Flank mam Kapp net verwäerten. Mä d'Lëtzebuerger hu sech dovun net beandrocke gelooss an hu weider monter no vir gespillt. An der 20. Minutt sollt de Sinani de Gol mat sengem ofgefälschte Schoss knapps verfeelen. Siwe Minutte méi spéit haten d'Léiwen dunn allerdéngs Chance, datt dem Haraslin seng Flank kee Matspiller fonnt huet, soss hätt et wuel gerabbelt. Doropshin ass de Match nees ofgeflaacht an et ass net méi all ze vill viru béide Goler geschitt. D'Lëtzebuerger an d'Slowaken hunn et wuel déi eng oder aner Kéier probéiert, mä an den decisive Situatiounen huet et de béide Formatiounen un der néideger Prezisioun gefeelt. Deemno ass et beim Score vun 0:0 an d'Kabinne gaangen.

Nom Téi waren et nees d'Rout Léiwen, déi den Toun uginn hunn a sech esou déi éischt Chancë kéiere konnten. Allerdéngs hate weder de Martins nach de Sinani déi néideg Reussite op hirer Säit. D'Slowakei ass an der 53. Minutt waakreg ginn a geféierlech virum Lëtzebuerger Gol opgedaucht. Dobäi hu se awer vun engem Mëssverständnes tëscht dem Moris an dem Martins profitéiert, mä den Duda konnt de Ball net am Gol ënnerbréngen an huet dëse just op de Potto gesat. Mä nëmmen zwou Minutten drop huet et trotzdeem am Lëtzebuerger Filet gerabbelt. No engem slowakesche Corner ass de Ball beim Obert gelant, dee kee Géigespiller hat, deen doropshin ofgezunn huet an de Ball ouni gréisser Problemer am Moris sengem Gol ënnerbrénge konnt. D'Lëtzebuerger waren doropshi veronséchert an hu sech am Spillopbau nees schwéier gedoen. Dowéinst si si och nëmmen nach seele virum slowakesche Gol opgedaucht. An der 63. Minutt huet et den Oli Thill mat engem Distanzschoss probéiert, mä den Dubravka konnt dëse Ball entschäerfen. An der 72. Minutt hunn d'Slowaken du mam 2:0 duerch de Schranz den Deckel op de Match gemaach an op en Néits huet déi Lëtzebuerger Defense dobäi net gutt ausgesinn. Doropshin ass net méi vill um Terrain geschitt. D'Lëtzebuerger ware frustréiert an d'Slowaken hunn de Match geréiert an dëse propper op en Enn gespillt. Um Enn steet domadder eng 0:2-Defaite fir d'Rout Léiwen um Spillbou.

De Match am Replay

D'Resultater an d'Tabellen am Iwwerbléck