Lëtzebuerger Sportler am AuslandAlex Laurent muss mat Den Helder Suns eng Néierlag astiechen

RTL Lëtzebuerg
Bei der Partie géint Groningen huet d'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller 96:63 de Kierzere gezunn.
© pressphoto (archiv)

Eng zolidd Néierlag huet den Alex Laurent e Samschdeg den Owend an Holland missen astiechen. De Lëtzebuerger Basket-Nationalspiller war bei der 96:63-Defaite vun Den Helder Suns och am Asaz, konnt awer géint d’Néierlag näischt entgéint setzen. Hien bei sengem Optrëtt 22 Minutte gespillt, 5 Punkte geworf a 4 Rebonde realiséiert.

Back to Top
CIM LOGO