Am Lycée Bel-Val trefft sech de Grupp bis op Sonndes all Dag fir do wärend enger Stonn zesummen ze trainéieren. Dës nach jonk ASBL huet leschte Weekend de Präis “Zesumme fir Inclusioun” gewonnen an e Scheck vun 1.000 Euro iwwerreecht kritt. Den Ament kann dës ganz engagéiert Ekipp nach am Lycée Bel-Val trainéieren. Fir d’Zukunft bräichte si awer eng nei Hal an no där gëtt äifreg gesicht.