
Um Samschdeg goufen dann och nach d’Aachtelsfinallen an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Hären gezunn. Den Titelverdeedeger Basket Esch trëfft an der Neioplag vun der Finall 2024 op d’Etzella Ettelbréck. De kompletten Iwwerbléck fannt dir hei.
D’Arantia Fiels an de Basket Esch hu bis zum Schluss ëm d’Victoire gestridden, um Enn setzt sech d’Ekipp aus dem Süde knapp mat 77:74 duerch. Mam Michael Carter hat d’Lokalekipp aus der Fiels en neie Spiller am Kader, d’Reussite huet bei der Arantia aus der Distanz gefeelt (5/28 Dräier) fir dëse Match ze gewannen. Bei de Gäscht huet de Quinten Nelson 25 Punkten geworf, de Clancy Rugg koum op 19 Punkten.
D’Résidence Walfer setzt sech an engem weideren enke Match auswäerts mat 88:85 géint de Stater Racing duerch. De John Slajchert a Filip Vranjes hunn allebéid 26 Punkte fir d’Gäscht markéiert.
D’Amicale Steesel wënnt mat 95:89 géint d’Musel Pikes, doduerch verléieren d’Pikes dës Saison fir déi éischte Kéier. Fënnef Spiller hunn der Lokalekipp zweestelleg gescort an d’Ekipp huet 15 Dräier getraff, 25 Punkte goungen op de Kont vum Ahston Sherrell.
Um Freideg hat sech den T71 Diddeleng auswäerts mat 89:77 géint d’Kordall Steelers behaapt.
Um Sonndeg konnt sech d’Sparta Bartreng mat 91:74 géint Mambra Mamer duerchsetzen. Bei der Lokalekipp huet mam Victor Iwuakor en neie Profispiller matgespillt, hien ersetzt den Greg Mays wéi de Club virum Match matgedeelt huet. Bartreng huet den Match mat séierem Tempo ugefaang an sech direkt ofgesat. Dësem Réckstand ass Mamer déi ganz Partie hannendru gelaf a konnt sech net méi zeréck kämpfen. 24 Punkten goungen op de Kont vum Jarvis Williams, de Max Logelin huet 15 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
D’Etzella Ettelbréck setzt sech däitlech mat 109:74 géint den AB Conter duerch, schonn an der Paus louch de Champion 60:35 a Féierung. Conter hat och duerch den Ausfall vum Profi House näischt entgéint ze setzen an d’Partie hat wor zu kengem Moment spannend. De Nicholas Davis (27 Punkten), Philippe Gutenkauf (25) an Adrian Delph (25) hunn offensiv als Trio iwwerzeegt.
Bei den Damme realiséiert d’Sparta Bartreng e staarke Comeback a wënnt um Enn mat 91:85 géint den AB Conter. D’Lokalekipp louch fréi am Match 9:21 am Réckstand, huet sech allerdéngs zeréck gekämpft an d’Partie no enger spannender Schlussphas gewonnen. D’Naomi Davenport konnt 31 Punkte markéieren, déi nei Profispillerin Jordan King (23 Punkten) souwéi d’Nicole Torresani (20) hunn offensiv och iwwerzeegt.
D’Amicale Steesel notzt e staarke leschte Véierel (24:9), fir sech mat 79:62 géint de Basket Esch ze behaapten. Mat 20 Punkte konnt d’Kathryn Missavage an engem staarke Kollektiv iwwerzeegen.

Um Freideg hat sech den T71 Diddeleng doheem mat 78:49 géint Wolz duerchgesat.