Internationale FuttballBayern klappt Stuttgart, kee Gewënner am Northwest Derby

RTL Lëtzebuerg
Liverpool an Manchester United spillen 0:0. Arsenal klappt Brighton an ass elo neien Leader an der Tabell. Milan klappt Monza.
© AFP

Bundesliga

SC Freiburg - FC Köln 2:0
1:0 Gregoritsch (72'), 2:0 Sallai (90+5')

Freiburg gewënnt fir déi drëtte Kéier um Stéck a steet an der Tabell elo op der 6. Plaz iwwerdeems et fir Köln an dëser Saison weider net vill ze huele gëtt. No der 9. Néierlag am 15. Match steet ee mat 10 Punkten op der 16. Plaz. Dobäi stoung et bis zur 62. Minutt nach 0:0. Dunn krut de Chabot no engem Foul um Höler déi Giel-Rout-Kaart gewisen. Mat engem Mann manner hat Köln et schwéier. Freiburg huet d’Iwwerzuel äiskal konnten ausnotzen a gewënnt no Goler vum Gregoritsch a Sallai mat 2:0 géint Köln. De Mathias Olesen stoung bei Köln net am Kader.

Bayer Leverkusen - Eintracht Frankfurt 3:0
1:0 Boniface (14'), 2:0 Frimpong (51'), 3:0 Wirtz (57')

Leverkusen bleift och no 15. Spilldeeg ongeschloen a steet weider op der 1. Plaz an der Tabell. De Boniface huet d’Werkself an der 14. Minutt a Féierung geschoss. De Grimaldo hat no engem Fräistouss den 2:0 um Fouss, säi Schoss sollt awer nëmme ganz knapp iwwert de Gol goen. Soss ass an der 1. Hallschent an der BayArena net vill passéiert. An der zweeter Hallschent hunn de Frimpong an de Wirtz relativ frei fir d’Virentscheedung gesuergt. D’Ekipp vum Xabi Alonso gewënnt mat 3:0 géint Frankfurt.

Bayern München - VFB Stuttgart 3:0
1:0 Kane (2'), 2:0 Kane (55'), 3:0 Kim (63')

Keng 2 Minutten huet et gedauert a Bayern München louch am Spëtzematch a Féierung. Et war dem Kane säin 19. Gol an dëser Saison. Stuttgart hat méi Ballbesëtz - déi besser Chancë sollten awer d’Münchener hunn. Zwee weider Goler goufe wéinst knappem Abseits duerch de VAR oferkannt, sou dass et mat enger knapper 1:0 Féierung an d’Paus gaangen ass. Nom Säitewiessel sollt sech um Spillverlaf net all ze vill änneren. An der 55. Minutt huet de Kane no engem Fräistouss vum Pavlovic per Kapp den 2:0 markéiert. 8 Minutte méi spéit huet de Kim no engem Corner den Deckel drop gemaach. Bayern bleift deemno u Leverkusen drun.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

FC Arsenal - Brighton 2:0
1:0 Gabriel Jesus(53'), 2:0 Havertz (87')

Alles an allem eng méi wei verdéngte Victoire fir Arsenal. Am 1. Duerchgang hat Brighton iwwerhaapt keng Chance. Der Lokalekipp huet et awer un der néideger Effizienz virum Gol gefeelt. No der Paus huet de Gabriel Jesus per Kappball de Bann gebrach. Déi éischt gutt Golchance fir d’Gäscht ass an der 64. Minutt notéiert ginn, de Raya sollt awer net wierklech gefuerdert ginn. Kuerz viru Schluss huet den Havertz no Viraarbecht vum Nketiah fir d’Entscheedung gesuergt, a steet elo op der 1. Plaz an der Tabell, daat well Liverpool net iwwert een 0:0 géint Manchester United eraus kennt.

FC Brentford - Aston Villa 1:2
1:0 Lewis-Potter (45'), 1:1 Moreno (77'), 1:2 Watkins (85')

Quasi mat der Halbzeit ass Brentford duerch de Lewis-Potter a Féierung gaangen. No der rouder Kaart vum Mee an der 71. Minutt huet de Match du richteg u Tempo zougeholl. D’Lokalekipp hat an Ënnerzuel nawell seng Schwieregkeete géint elo staark opspillend Gäscht. Bannent 8 Minutten huet Aston Villa de Match konnten dréinen. An der Schlussphase ass et dunn nach eng Kéier richteg hektesch ginn. 8 Giel-Kaarte plus eng Rout-Kaart géint de Kamara hunn dofir gesuergt dass et 12 Minutten Nospillzäit gouf. Um Resultat sollt dat awer näischt mäi änneren, sou dass Villa 1 Punkt hannert Arsenal an der Tabell steet.

FC Liverpool - Manchester United 0:0

Am Northwest Derby tëscht Liverpool a Manchester United si keng Goler gefall an deemno verléieren d’Reds och déi 1. Plaz an der Tabell. Liverpool hat bei wäitem méi Schëss (34:6), méi Ballbesëtz (69% zu 31 %), an 12:0 Eckbäll fir sech do stoen, e Gol ass hinnen awer net gegléckt, dat well ee virum Siechzéngter ze verspillt war an e schlussendlech net konsequent genuch war. United huet iwwer 90 Minutten net wierklech um Spill deel geholl, huet awer defensiv alles rageworf. Aus Liverpool Siicht awer sécherlech een enttäuschenden Remis.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

AC Mailand - AC Monza 3:0
1:0 Reijnders (3'), 2:0 Simic (41'), 3:0 Okafor (76')

D’Rossoneri hunn eng verdéngte Victoire géint Monza gefeiert. Elleng an deenen éischten 2 Minutten hat Milan duerch de Cheek a Giroud gutt Chancen a Féierung ze goen. De Reijnders huet et kuerz dorop du besser gemaach a den 1:0 markéiert. No enger gudder Véierelsstonn ass Monza du besser an de Match komm, ouni awer wierklech geféierlech ze ginn. Kuerz virun der Paus sollt de Simic säin 1. Gol fir Milan schäissen. Déi beschte Chance fir Monza hat de Colpani an der 62. Minutt. An enger éischter roueger zweeter Hallschent huet den Okafor an der 76. Minutt de Schlusspunkt gesuergt.

FC Bologna - AS Roum 2:0
1:0 Moro (37'), 2:0 Kristensen (Selbstgol, 49')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

FC Nantes - Stade Brest 0:2
0:1 Magnetti (49'), 0:2 Mounie (57')

Stade Brest spillt weiderhin eng ganz gutt Saison a ka sech och zu Nantes mat 2:0 duerchsetzen.

FC Metz - HSC Montpellier 0:1
0:1 Esteve (9')

Metz verléiert de wichtegen Heemmatch géint Montpellier mat 0:1. De Gol vum Dag huet den Esteve schonn an der 9. Minutt konnte markéieren. Metz hat an der Suite vum Match méi vum Match, méi Schess op de Gol, mee d’Effektivitéit huet gefeelt. Montpellier ass deemno och an der Tabell laanscht Metz gezunn, a steet elo 1 Punkt virun de “Grenats”.

Olympique Marseille - Clermont Foot 2:1
1:0 Murillo (26'), 2:0 Harit (42'), 2:1 Allevinah (58')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Sociedad - Betis Sevilla 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO