Coupe am DammefuttballBeetebuerg a Mäertert-Waasserbëlleg stinn an de Véierlsfinallen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg sinn am Dammefuttball zwou vun den Aachtelsfinallen an der Coupe gespillt ginn.
© Archiv

Zu Rëmeleng huet de Favorit vu Beetebuerg sech ganz däitlech duerchgesat. D’Lokalekipp huet sech misse mat 0:15 géint den Éischtligist geschloe ginn.

Tëscht Nidderkuer a Mäertert-Waasserbëlleg stoung et iwwerdeems 1:1 no 90 Minutten. Am Eelefmeterschéissen hu just d’Gäscht d’Nerve behalen, déi soumat an d’Véierelsfinall anzéien.

Back to Top
CIM LOGO