Keen Abschid a Richtung BrasilienCarlo Ancelotti bleift Real Madrid trei

RTL Lëtzebuerg
Den Italiener war schonn héich gehandelt ginn als nächsten Trainer vun der brasilianescher Nationalekipp.
© AFP

D’Seleção muss awer elo ouni de 64 Joer ale Startrainer auskommen. De Carlo Ancelotti huet bis 2026 bei de Kinneklechen ënnerschriwwen. Real Madrid steet an der “La Liga” den Ament op der éischter Plaz.

De Carlo Ancelotti sëtzt zënter 2021 am Bernabéu-Stadion op der Bänk.

A fënnef Saisone bei Real huet den Ancelotti bis ewell zéng Titele gewonnen. 2022 war Real ënnert him spuenesche Meeschter ginn an hat och d’Champions League gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO