ReidenCharlotte Bettendorf wënnt de Grousse Präis zu Carmona

RTL Lëtzebuerg
Duerch ee feelerfräie Rëtt am Parcours konnt sech d'Lëtzebuergerin fir d'Stieche qualifizéieren an dëst um Enn och fir sech entscheeden.

Um Sonndeg konnt sech d’Charlotte Bettendorf a Spuenien géint 35 Géigner duerchsetzen. Mat hirem Päerd Iris van de Bisschop konnt d’Lëtzebuergerin am Stiechen och ee feelerfräie Rëtt presentéieren a war um Enn 2 Sekonne méi séier wéi hir Géignerin.

Duerch eng drëtte Plaz um Freideg konnt d’Charlotte Bettendorf insgesamt 90 Punkte fir d’Weltranglëscht sammelen.

Back to Top
CIM LOGO