Handball EM-QualifikatiounDammen-Nationalekipp trëfft op Island

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend spillen d'Rout Léiwinnen um 18.45 Auer am Gymnase vun der Coque géint Island.
© Emile Mentz (RTL Archiv)

FLH-Damme géint Island / Preview Sam Rickal

Momentan steet d’Ekipp vum Trainer Alexandre Scheubel am Grupp 7 mat 0 Punkten op der leschter Plaz an der Tabell, allerdéngs ass de Kader och am Ëmbroch. Mat engem Altersduerchschnëtt vun 23 Joer ass d’FLH-Formatioun relativ jonk. De Gros vun de Spillerinne spillt am Grand-Duché, esou datt d’Matcher op allerhéchstem Niveau deelweis nei fir Verschiddener aus der Ekipp sinn.

Gewosst war, datt d’FLH-Selektioun mat Schweden, Island an de Färöer Inselen ee schwéiere Grupp erwëscht hätt. D’Islännerinne schätzt den Alexandre Scheubel een Tick méi staark wéi d’Färöer Inselen, géint déi ee 16:34 an 21:39 verluer huet, an.

Am Allersmatch hunn d’FLH-Damme sech am Oktober d’lescht Joer 14:32 an Island musse geschloe ginn. Virun allem an der Ufanksphas ass d’Ekipp vum Alexandre Scheubel géint Islännerinnen ënnert d’Rieder komm. Trotzdeem gesäit den Nationaltrainer Progrèsen.

E Sonndeg spillen d’FLH-Dammen da fir den Ofschloss vun dëser Campagne auswäerts beim Tabelleleader Schweden.

Back to Top
CIM LOGO