
D’Géigner am Lëtzebuerger Grupp sinn héich anzeschätzen. Grousse Favorit wäert d’Nummer 6 am europäesche Ranking sinn an zwar Schweden. Den éischte Rendez-vous ass allerdéngs géint d’Nummer 15 an Europa Nordmazedonien an dat um Mëttwoch 4. November zu Skopje.
Am Ufank vun der Pressekonferenz gouf den neie Co-Trainer vun der Nationalekipp presentéiert an zwar ass de fréieren algereschen Internationale Yacinn Bouakaz. De Bouakaz huet de gréissten Deel vu senger Carrière esouwuel als Spiller wéi als Trainer a Frankräich absolvéiert.

D’FLH-Selektioun ass net komplett; et feelen blesséiert, de Kapitän Ben Weyer, de Rafael Guden, den Ojié Etute, den Dimitri Mitrea wéi och de Luke Kaysen. Déi meescht Spiller, déi am Ausland aktiv sinn, stousse méi spéit bei de Kader bäi.
Eng Partie nei Elementer, virun allem Jonker, si vum Didier Dinart selektionéiert ginn. 20 Spiller wäerte mat op Skopje fléien.
Nieft de Selektiounen aus Schweden an Nordmazedonie wäert Griicheland e weidere schwéiere Géigner sinn. Lëtzebuerg ass op der Plaz 34 klasséiert, d’Griiche sinn 10 Plaze besser placéiert. Déi 3 Géigner vun der FLH-Selektioun si fir d’WM qualifizéiert, déi am Januar an Däitschland gespillt gëtt.
Op der Pressekonferenz gouf fir Ufank Januar en Turnéier annoncéiert, wou 2 Ekippen matmaachen, och déi bei der WM present sinn an zwar de Katar a Saudi-Arabien. D’Belsch mécht och mat.
Méi spéit sinn dann nach 2 Frëndschaftsmatcher géint Guinea.