Verpasst Nations-League-PlayoffsDanel Sinani fir déi nächst zwee Lännermatcher gespaart

RTL Lëtzebuerg
Den Danel Sinani hat am leschten EM-Qualifikatiounsmatch a Liechtenstein fir e secke Feeler déi rout Kaart kritt.
© Roland Miny (Archiv)

D’Geriichtsinstanze vun der Uefa hunn decidéiert, datt de Lëtzebuerger fir déi nächst 2 Lännermatcher gespaart ass.

Dat heescht de Profi vu St. Pauli feelt de Roude Léiwen an deenen zwou Partië vun de Playoffs an der Nations League am Mäerz géint Georgien an duerno, wann et dozou kéim, an der Finall géint Griicheland, respektiv Kasachstan.

Back to Top
CIM LOGO