
Zanter der Nouvelle vum Doud vum Franz Beckenbauer, déi e Méindeg erauskoum, trauert net nëmme ganz Futtball Däitschland, mä och eng Partie Leit hei am Land.
De Kaiser Franz war net nëmmen ee vun deene beschte Spiller, déi et jee gouf, mä krut no an no och Kultstatus. Nieft sengen Erfolleger als Trainer a Fonctionnaire war hie jo och laang als Expert op der däitscher Tëlee ze gesinn.
1984 huet de Franz Beckenbauer mat der Weltmeeschterekipp vun 1974 ee Galamatch am Stade Josy Barthel gespillt. Als Kapitän vun der Spora war deemools de Carlo Weis ganz no u sengem grousse Virbild.
De Jeff Kettenmeyer huet mam fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller iwwer seng Erënnerung un dee Match an allgemeng iwwert de Beckenbauer geschwat.