FuttballnationalekippDe Luc Holtz huet säi Kontrakt ëm zwee Joer verlängert

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'FLF en Dënschdeg offiziell matgedeelt huet, huet de 54 Joer alen Trainer vun der Lëtzebuerger Nationalekipp säi Kontrakt ëm 2 Joer verlängert.
© Val Wagner

Domat geet säin neie Kontrakt bis den 31. Dezember 2025.

Zanter August 2010 ass de Luc Holtz Nationaltrainer vun de Roude Léiwen. Mat 31 Victoiren, 25 Remisen a 74 Defaiten aus 130 Matcher, ass hien den erfollegräichsten Nationaltrainer, dee Lëtzebuerg jee hat.

Deen éischte Lännermatch ënnert dem Luc Holtz war den 11. August 2010 a Wales. Am Mäerz huet d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp jo nach d’Méiglechkeet sech iwwer d’Play-Offs vun der Nations League fir d’Europameeschterschaft am Summer an Däitschland ze qualifizéieren.

De Paul Philipp iwwer d’Kontraktsverlängerung vum Luc Holtz

Extrait Luc Holtz

Offizielle Communiqué vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO