Champions LeagueDe PSG steet wéinst dem bessere Golverhältnis an den Aachtelsfinallen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend goufen déi lescht Tickete fir d'Aachtelsfinallen an der Champions League verdeelt. Dobäi goufen et nëmmen nach zwou fräi Plazen.
© Franck Fife / AFP

Dës zwou lescht Plaze ginn un den FC Porto an un de PSG. Béide Formatiounen ass et gelongen, fir sech um leschte Spilldag fir d’KO-Phas vun der Champions League ze qualifizéieren. Domadder kënne béid Veräiner an der Kinneksklass iwwerwanteren.

Am Grupp F war et spannend bis zum Schluss. Obschonns de PSG mat Dortmund nëmmen 1:1 gläichspillt, stinn d’Fransousen an den Aachtelsfinalle vun der Champions League. Zwar konnten d’Mailänner hire Match zu Newcastle mat 2:1 gewannen a mat de Punkte gläich mam PSG zéien, mä opgrond vun der méi schlechter Goldifferenz am direkte Verglach musse sech d’Italiener mat der drëtter Plaz am Grupp zefridde ginn.

Am Grupp E war scho virum leschte Spilldag alles decidéiert. Atletico Madrid a Lazio Roum, déi allebéid scho fir deen nächsten Tour qualifizéiert sinn, trenne sech mat 2:0. Celtic Glasgow gewënnt iwwerdeems mat 2:1 géint Feyenoord Rotterdam, déi déi drëtte Plaz am Grupp beleeën.

Am Grupp G stoung scho virum leschte Spilldag fest, datt Leipzig a Manchester City an den Aachtelsfinalle géinge stoen. Béid Formatioune konnten hire leschte Match iwwerdeems och fir sech entscheeden: RB Leipzig setzt sech mat 2:1 géint d’Young Boys Bern duerch a Manchester City gewënnt mat 3:2 géint Roter Stern Belgrad. Young Boys Bern schléisst d’Gruppephas iwwerdeems op der drëtter Plaz of a spillt no der Wanterpaus an der Europa League.

Am Grupp H ka sech den FC Porto ee vun den zwee leschten Tickete fir d’Aachtelsfinalle sécheren. Dëst nodeems d’Portugise mat 5:3 géint Donezk gewannen, déi d’Gruppephas op der drëtter Plaz ofschléissen. Den FC Barcelona war iwwerdeems scho qualifizéiert, dowéinst wäert et de Spuenier och net wéidoen, datt si 2:3 géint de Royal vun Antwerpen verléieren.

Grupp F

Borussia Dortmund - PSG 1:1
1:0 Adeyemi (51'), 1:1 Zaire-Emery (56')

Am Match tëscht dem BVB an dem PSG kruten d’Spectateuren eng monter éischt Hallschent ze gesinn. Béid Formatiounen hu mat voller Vitess no vir gespillt an hu probéiert fir op den éischte Gol ze goen. Esou hu sech béid Ekippen eng sëllege Golchancen erausgespillt. De PSG war dobäi allerdéngs déi méi geféierlech an och déi méi zwéngend Ekipp. Déi éischt Golchance sollt awer op de Kont vun den Dortmunder goen: Et war de Wolf, deen an der 14. Minutt schéin an Zeen gesat gouf an eleng virum Paräisser Golkipp opgedaucht ass. Säi Schoss war allerdéngs net cadréiert, soudatt de Ball keng Gefor mat sech bruecht huet. Doropshin haten d’Gäscht aus Frankräich eng Chance no der anerer. An der 16. Minutt war et de Lee, deen de Ball nieft de Gol gesat huet. An der 17. Minutt konnt de Süle e Schoss vum Mbappé sensationell op der Linn klären. Weider huet de Barcola an der 19. Minutt de Ball mat engem schéine Schoss just op d’Lat gesat an de Kolo Muani huet an der 24. Minutt de Gol just ëm e puer Zentimeter verfeelt. Op der anerer Säit haten d’Dortmunder och nach e puer Chancen, mä och hei konnte souwuel de Reus an den Adeyemi mat hire Schëss aus der Distanz, ewéi och den Hummels mam Kapp, de Ball net am géigneresche Gol ënnerbréngen, soudatt et mat engem 0:0 op den Téi gaangen ass. Dobäi war et en 0:0-Match vun der besserer Zort.

Nom Téi ass et monter weidergaangen an och dës Kéier haten déi Dortmunder déi éischten Occasioun, mä den Donnarumma am Paräisser Gol konnt de Schoss vum Brandt an der 46. Minutt entschäerfen. An der 51. Minutt sollt du fir d’éischte Kéier am Match e Ball säi Wee an de Gol fannen: Et war den Adeyemi, deen den 1:0, no gudder Viraarbecht vum Füllkrug, fir de BVB markéiere konnt. Nëmme fënnef Minutte méi spéit konnt de PSG am Numm vum Zaire-Emery egaliséieren an de Score op 1:1 stellen.

D'Goler aus dem Match tëscht dem BVB an dem PSG
Den 1:0 vum Adeyemi konnt den Zaire-Emery séier egaliséieren.

Doropshin hu béid Ekippen op Ëmschaltsituatioune gewaart, wouduerch de Match awer net méi langweileg ginn ass. An der 72. Minutt huet den Mbappé mat sengem Schoss de Gol nëmme knapps verfeelt, déi Dortmunder waren deemno nees waakreg a virgewarnt. An der 76. Minutt hunn d’Paräisser Supporteren den zweete Gol fir hir Faarwe gefeiert, allerdéngs sollt de VAR hinne séier d’Loft aus de Seegelen huelen, nodeems dësen de Gol vum Mbappé wéinst enger Abseitspositioun oferkannt huet. Deemno ass et beim 1:1 bliwwen. Mä de PSG war elo déi Ekipp, déi den Toun um Terrain uginn huet. De PSG huet weider op den zweete Gol gedréckt, mä dëse sollt net falen, soudatt de Match mat 1:1 op en Enn gaangen ass. Domadder stinn d’Fransouse wéinst der besserer Goldifferenz aus den zwee Matcher géint Mailand (3:0 gewonnen an 1:2 verluer) an den Aachtelsfinalle vun der Champions League.

Newcastle United - AC Mailand 1:2
1:0 Joelinton (33'), 1:1 Pulisic (59'), 1:2 Chukwueze (84')

De Resumé vum Match tëscht Newcastle a Mailand
Mailand dréint de Match a setzt sech mat 2:1 duerch.

Grupp E

Atletico Madrid - Lazio Roum 2:0
1:0 Griezmann (6'), 2:0 Samuel Lino (51')

Celtic Glasgow - Feyenoord Rotterdam 2:1
1:0 Palma (33', Eelefmeter), 1:1 Minteh (82'), 2:1 Lagerbielke (90'+1)

D'Resuméë vun de Matcher aus dem Grupp E
An dësem Grupp waren d’Entscheedunge schonn all virum leschte Spilldag gefall.

Grupp G

RB Leipzig - Young Boys Bern 2:1
1:0 Sesko (51'), 1:1 Colley (53'), 2:1 Forsberg (56')

Roter Stern Belgrad - Manchester City 2:3
0:1 Hamilton (19'), 0:2 Bobb (62'), 1:2 Hwang (76'), 1:3 Phillips (85', Eelefmeter), 2:3 Katai (90'+1)

D'Resuméë vun de Matcher aus dem Grupp G
RB Leipzig a Manchester City kënnen hir Matcher gewannen.

Grupp H

FC Porto - Schachtar Donezk 5:3
1:0 Galeno (9'), 1:1 Sikan (29'), 2:1 Galeno (43'), 3:1 Taremi (62'), 3:2 Eustaquio (72', Eegegol), 4:2 Pepe (76'), 5:2 Francisco Conceicao (82'), 5:3 Eguinaldo (88')

Royal Antwerpen - FC Barcelona 3:2
1:0 Vermeeren (2'), 1:1 Ferran Torres (35'), 2:1 Janssen (56'), 2:2 Guiu (90+1'), 3:2 George (90'+2)

D'Resuméë vun de Matcher aus dem Grupp H
Ganzer 8 Goler sinn tëscht dem FC Porto an Donezk gefall. Barcelona muss sech géint Antwerpen geschloe ginn.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO