Handball-SupercupDéifferdeng a Käerjeng krope sech éischten Titel vun der Saison

Yannick Glod
E Samschdeg huet sech bei den Hären Déifferdeng 36:29 géint Bierchem behaapt, wärend d'Damme vu Käerjeng 27:23 géint Diddeleng gewonnen hunn.
© Yannick Glod

De Lodyss-Supercup ass allgemeng de Startschoss fir déi nei Handballsaison zu Lëtzebuerg. Zënter 2022 gëtt den Duell tëscht Champion a Coupewënner (am Fall vum Doublé och den Tabellenzweeten) aus der viregter Saison zu Käerjeng um Dribbel ausgedroen. 2025 duerfte sech d’Käerjenger Dammen an d’Déifferdenger Hären an de Palmarès androen.

Viru béide Matcher gouf dem Ufank August verstuerwenen Arbitter, Reegelchef an CA-Member Patrick Simonelli geduecht.

Hären: Staark zweet Hallschent bréngt Red Boys d’Victoire

Wéi schonn 2024 war den HC Bierchem beim Supercup dobäi, dës Kéier awer als Coupegewënner. D’Meeschterschaft hat sech bekanntlech d’Red Boys Déifferdeng (déi éischt zënter 2016) gekroopt. Bierchem hat de Supercup 2024 mat 35:31 géint Esch gewonnen. Dëst Joer konnten d’Réiserbänner hir Victoire net verdeedegen.

© Yannick Glod

Béid Ekippe sinn de Match Honnert à l’heure ugaangen. No 7 Minutte stoung et 4:4, duerno hunn och d’Golkipper an d’Defensen an de Match fonnt. Bei Déifferdeng huet am Ufank d’Passgenauegkeet e bësse gefeelt, mee den Neizougang Lucas Meyffret huet seng Qualitéite mat Goler a mat senger Spillleedung ënner Beweis gestallt.

Op Déifferdenger Säit koum de Golkipp Guillaume Felici ëmmer besser an de Match an huet senger Ekipp gehollef, fir sech ab der 15. Minutt op 4 Goler (10:6) ofzesetzen. De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt sech bis zur Paus méifach auszeechnen - virun allem de Raphael Guden ass un him verzweiwelt. Am Ugrëff konnten d’Red Boys op den Elledy Semedo an den Enzo Jean Louis zielen, déi vum Meyffret an Zeen gesat goufen.

An dëser Phas hu sech bei de Réiserbänner ëmmer méi technesch Feeler ageschlach, wärend déi Rout se miniméiert kruten. Déi Gréng-Wäiss haten och ze vill Phasen, an deenen hinne kee Gol gelongen ass. Soumat goung et mat 17:14 aus Déifferdenger Siicht an d’Kabinnen.

Bierchem konnt de Réckstand séier ophuelen (17:17 an der 34. Minutt), mee genee esou séier war Déifferdeng nees 4 Goler fort (40. Minutt, 22:18). Dat och, well d’Réiserbänner zwou Zäitstrofe bannent kuerzer Zäit kruten.

De Knackpunkt fir de Coupegewënner koum an der 42. Minutt, wéi den Dragan Vrgoc, eng wichteg Stäip an der Defense, seng drëtt Zäitstrof krut, wat eng Disqualifikatioun no sech gezunn huet. No dësem Verloscht war d’Kompaktheet an der Verteidegung ewech an d’Red Boys konnt déi grouss Lächer, déi Bierchem gebueden huet, fir einfach Goler notzen.

An der 50. Minutt louch den amtéierende Champion 29:23 vir, wat d’Virentscheedung war. Bierchem huet wuel dogéint gehalen, mee Déifferdeng hat op alles eng Äntwert. Um Enn gewannen d’Red Boys däitlech 36:29 an däerfe sech iwwer eng weider Supercoupe an der Vitrinn freeën.

Mat dësem Resultat wäert Déifferdeng definitiv an der Course ëm de Championstitel e Wiertche matzeschwätzen hunn, och wa si sech mat Ambitiounen zeréckhalen.

Dammen: Käerjeng geléngt Revanche fir 2024

Am Remake vum leschte Joer stounge sech bei den Dammen de Champion HB Käerjeng an de Coupegewënner HB Diddeleng géintiwwer. Et war déi 5. Kéier hannerteneen, dass dës Ekippen de Supercup ausgespillt hunn. 2024 hat sech Diddeleng an enger enker Finall 18:16 duerchgesat, 12 Méint duerno konnt Käerjeng däitlech Revanche huelen. Déi Gréng gewanne 27:23.

Et schéngt, wéi wa sech Käerjeng zum neien Angschtgéigner vun Diddeleng entwéckelt. An de véier Matcher géint den HBK ënner dem neien Trainer Dan Mauruschatt konnt Diddeleng just d’Coupefinall gewannen.

© Yannick Glod

D’Feele vun de Wirtz-Schwësteren an dräi anere Spillerinne war dem HBD an den éischte Minutten unzemierken. Vläicht hate si awer och nach den Testmatch géint d’Nowuessekipp vum HB Metz virun e puer Deeg an de Schanken. D’Fiiss haten op alle Fall e schwéiere Start a konnten an där Phas hirer neier Golkippesch Emeline Hoé Merci soen, dass si weider am Spill blouwen. Virun allem de Käerjengerinnen hir nei Spillerin Daria Milek huet d’Diddelenger Defense zur Verzweiwlung bruecht - d’Polin konnt an den éischten 10 Minutte véier vu fënnef Goler markéieren. Si koum um Enn op 9 Goler.

Den HBD-Coach Mikel Molitor war mat senger Ekipp iwwerhaapt net zefridden, mee och en Timeout huet net vill um Spillverlaf geännert. Wann Diddeleng mol duerch déi gréng Verteidegung koum, hat Käerjeng mat der Zorana Jurcevic en zouverlässege Réckhalt. No 30 Minutte war de Match beim Stand vu 16:9 fir Käerjeng quasi schonn entscheet.

Wie sech en Diddelenger Stuermlaf erhofft hat, gouf enttäuscht. Käerjeng huet an der zweeter Hallschent do weidergemaach, wou et virun der Paus opgehalen hat: eng konzentréiert Leeschtung an der Defense wéi am Ugrëff.

D’Diddelenger Dammen hu wuel versicht, de Réckstand ze verkierzen, sinn awer ze dacks un der Käerjenger Defense, un der Golkippesch oder un den eegenen technesche Feeler gescheitert. Déi Gréng haten de Virsprong kuerzzäiteg souguer op 10 Goler ausgebaut, hunn en duerno awer konstant bei 7 gehalen.

D’Spannung, déi iwwer 45 Minutten net do war, koum op eemol an der Schlussphas op. An der 51. Minutt war Diddeleng nees op 5 Goler drun a konnt an der 58. Minutt souguer op 3 verkierzen. Dëse Laf koum awer ze spéit, och well d’Käerjenger Golkippesch Jurcevic sech nees auszeechne konnt. Sou konnt de Rekordchampion déi éischt Coupe fir dës Saison an d’Luucht stemmen.

Käerjeng feiert den éischten Titel an der Saison.
Käerjeng feiert den éischten Titel an der Saison.
© Yannick Glod

Back to Top
CIM LOGO