FLAM / KarateDen 21. Mee sinn Neiwalen fir de Comité vun der Sektioun Karaté

RTL Lëtzebuerg
De Poste vum Generalsekretär gëtt no de Walen nei besat. Dat gouf um Dënschdeg Owend um Kongress vun der FLAM annoncéiert.
© RTL-Archiv

An de leschte Méint war et op administrativem Plang jo méi turbulent an der Sektioun Karaté hiergaangen. Um Kongress vun der Lëtzebuerger Federatioun vun den Arts Martiaux gouf op enger konstruktiver Basis diskutéiert. Et huet een awer och festgestallt, datt en inhaltlechen an e personellen Renouveau misst kommen.

De Poste vum Generalsekretär vun der FLAM, deen ze bestëmmen war, gëtt eréischt no de Walen vum 21. Mee nei besat.

Back to Top
CIM LOGO