BGL LigueD'Fola klappt Stroossen a Munneref setzt sech géint Déifferdeng duerch

RTL Lëtzebuerg
D'Escher Fola huet eng impressionnant 4:1-Victoire géint Stroossen gefeiert. Déifferdeng konnt eng Féierung net iwwert d'Zäit bréngen.
© Val Wagner

RM Hamm huet laang als Gewënner ausgesinn, éier de Boueti awer den Ausgläich a leschter Sekonn fir Péiteng geschoss huet, sou dass béid Ekippe sech 1:1-Gläich trennen. E Samschdeg war et schonn den Optakt vum 17. Spilldag. Hei huet Hesper seng sechste Victoire noenee gefeiert an Diddeleng huet Nidderkuer geklappt.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

D’Resuméë vun de Matcher

Una Stroossen - CS Fola Esch 1:4
0:1 Hadji (24'), 0:2 Bensi (36'), 1:2 Natami (43'), 1:3 Pimentel (45+2'), 1:4 Diallo (90+3')

D'Fola mat enger impressionanter Victoire géint Stroossen
De Leader aus der BGL Ligue huet sech och zu Stroossen keng Feeler erlaabt an hätt souguer nach méi héisch kéinte wannen.

Béid Ekippen hate Schwieregkeeten, op Touren ze kommen, an esou huet et gedauert, bis déi éischt geféierlech Aktioune konnten notéiert ginn. No ronn 20 Minutten ass de Match du méi animéiert ginn. D’Fola hat an der 24. Minutt eng schéin Aktioun iwwert déi riets Säit an du Stoung de Buteur Hadji goldrichteg an huet säi 17. Gol an dëser Saison markéiert. Déi lescht 10 Minutten am 1. Duerchgang waren dunn immens animéiert. D’Fola huet mam Bensi de Score op 2:0 erhéicht. Kuerz virun der Paus ass de Stroossener awer den Uschloss gelongen, éier Esch mat der 3 gudder Chance den drëtte Gol konnt markéieren, sou dass si an der Paus 3:1 a Féierung louchen.

No der Paus ass d’Fola super aus de Kabinn komm an hat 3 gutt Chancen, konnt de Virsprong awer net weider ausbauen. Bensi an Hadji kruten de Ball net am Filet ënner. Ma och Stroossen ass geféierlech virum Gol opgedaucht, mee och de Natami säi Ball sollt laascht de Gol goen. Ass an der 1. Hallschent nach quasi all Chance an de Gol gaangen, sollten d’Spiller an deenen zweete 45. Minutten eng Chance no der anerer leie loossen, bei deenen de Keeper vun de Stroossener een excellente Match gewisen huet. An der Nospillzäit huet den Diallo awer nach e Gol konnte markéieren, sou dass de Leader aus der BGL Ligue mat 4:1 zu Stroossen gewanne konnt.

FC Déifferdeng03 - US Munneref 1:2
1:0 Buch (2'), 1:1 Mohammed (21'), 1:2 Scanzano (64')

Déifferdeng ass no de schwierege leschte Wochen optimal an de Match gestart. Mat sengem 13. Gol an dëser Saison huet de Buch den FCD an der 2. Minutt no Viraarbecht vum Garlito a Féierung geschoss. An der 17. Minutt ass et du ganz konfus ginn. Den Amodio kënnt aus dem Gol a kollidéiert mam Falade. No dëser Kollisioun schéisst den Dauphin de Ball an den eidele Gol. Als éischt huet et sou geschéngt, wéi wann den Arbitter de Gol accordéiert hätt, fir dann dono awer Fräistouss ze ginn. De Mohammed huet sech de Fräistouss net huele gelooss an de Ball an de Filet geknuppt, sou dass et mat engem 1:1-Gläich an d’Paus gaangen ass.

Nom Säitewiessel war Munneref virun allem duerch Standardsituatioune geféierlech. Déifferdeng war iwwerdeems weiderhi beméit, de Match u sech ze zéien an d’Kontroll ze iwwerhuelen. Bannen 2 Minutte krut Déifferdeng dunn net nëmmen e Géigegol duerch de Scanzano geschoss, mee zu allem Iwwerfloss krut de Lemperdeur an der 65. Minutt och nach déi Giel-Rout Kaart gewisen, sou dass den FCD déi lescht 20 Minutten an Ënnerzuel huet missen agéieren. Déifferdeng huet wuel nach emol alles probéiert, e Gol sollt der Lokalekipp awer net méi geléngen, sou dass den FCD doheem mat 1:2 géint Munneref verléiert.

© Bob Leven

RM Hamm Benfica - Union Titus Péiteng 1:1
1:0 Deruffe (28'), 1:1 Boueti (90')

© Felix Girst

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO