BGL LigueF91 behaapt sech géint de Progrès, 6. Succès noenee fir Hesper

RTL Lëtzebuerg
An der BGL Ligue stoungen e Samschdeg 4 Partië vum 17. Spilldag um Programm.

Hesper huet géint de Racing seng sechste Victoire noenee gefeiert. Diddeleng war Nidderkuer iwwerleeën, d’Jeunesse a Rodange hu sech och dräi Punkte geséchert.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

D’Resuméë vun de Matcher

Diddeleng - Nidderkuer 1:0
1:0 Bojic (50')

No enger roueger Ufanksphas, an där béid Ekippen de Ball lafe gelooss hunn, huet Nidderkuer dann no an no besser an de Match fonnt. Sou haten d’Gäscht no enger Véierlestonn duerch de Vogel an den Habbas zwou gutt Chancen opweises. Am weidere Spillverlaf ass et dann awer zu kenge weidere richteg geféierlechen Aktioune komm, sou dass et ouni Goler an d’Paus gaangen ass.

Nom Säitewiessel ass den F91 da besser aus de Vestiairë komm a sou huet et och net all ze laang gedauert, bis de Ball am Netz louch. De Stumpf huet de Ball op de Bojic gespillt, deen aus dem Strofraum den 1:0 markéiere konnt. Nom Gol si béid Ekippen dann awer rëm e bëssen an d’Muster vun der 1. Hallschent zréckgefall. Virun den zwee Goler war net vill lass a sou ass et um Enn bei enger knapper Victoire fir den F91 bliwwen.

Racing - Hesper 0:2
0:1 Abdallah (54'), 0:2 Stolz (72')

BGL-Ligue Racing-Hesper
Mat 2:0 konnte sech d’Gäscht duerchsetzen.

Hesper huet besser an de Match fonnt a konnt sech no enger Zäit och déi eng oder aner Chance erausspillen. Déi bescht Chance hat de Malget no ronn 20 Minutten, wéi hien de Ball no engem Fräistouss vum Stolz mam Kapp knapps iwwert de Gol geschoss huet. D’Partie huet sech ëmmer méi ausgeglach a virun allem d’Golkipper hunn op béide Säiten eng gutt Leeschtung gewisen. Mat engem 0:0 ass et an d’Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent ass der Ekipp vun Hesper dann awer den éischte Gol gelongen. An der 54. Minutt konnt sech de Melisse op der Säit duerchsetzen, seng Flank huet an der Mëtt den Abdallah fonnt, deen d’Chance äiskal genotzt huet. Hesper war weider um Drécker a mam 2:0 an der 72. Minutt war de Match da sou gutt wéi entscheet. De Stolz stoung no enger Flank vum Francoise op der richteger Plaz a sou konnt hie mam Kapp erhéijen. An der Schlussphas huet ee gemierkt, dass de Racing nach net opginn huet a sou war d’Lokalekipp kuerz virdrun den 1:2 ze schéissen. Um Enn sollt dat awer net méi geléngen a sou hëlt Hesper déi dräi Punkte mat Heem. Fir de Swift ass et schonn déi sechste Victoire noeneen.
https://perma.rtl.lu/v/3238359
Jeunesse - Rouspert 1:0
1:0 Ouwo Moussa (73')

Rodange - Ettelbréck 1:0
1:0 Amehi (66')

© Bob Leven

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO