BGL LigueDiddeleng klappt Jeunesse an ass Tabelleleader

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg ware sechs Matcher an der BGL Ligue, wou am Ganzen 21 Goler gefall sinn. D'Etzella séchert sech wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig.

Nodeems Nidderkuer e Samschdeg géint Rouspert 3:3 gläich gespillt huet, hat Diddeleng e Sonndeg bei der Suite vum 17. Spilldag d’Chance sech nees un d’Tabellespëtzt ze setzen, déi se och genotzt hunn.

Am Match tëscht dem F91 an der Escher Jeunesse ass et mat 0:0 an d’Paus gaangen, woubäi déi Escher iwwer dëse Score glécklech konnte sinn. Diddeleng hat an den éischte 45 Minutten e puer Golchancen, déi si awer net notze konnten. D’Jeunesse huet an der éischter Hallschent net eng Kéier op de Gol geschoss. Direkt no der Paus huet de Kabore verdéngt fir den F91 zum 1:0 eragesat. Duerno ass de Match nees verflaacht. Um Enn ass et bei engem knappen 1:0 fir d’Heemekipp bliwwen. Duerch déi dräi Punkte steet Diddeleng nees un der Tabellespëtzt, punktgläich mam Progrès.

Tëscht der Escher Fola an Déifferdeng sinn net manner wéi 6 Goler gefall. An der éischter Hallschent sinn dräi Goler gefall an d’Fola ass mat 2:1 an d’Kabinne gaangen. Direkt no der Paus konnt Déifferdeng ausgläichen an huet sech am Verlaf vun der zweeter Hallschent eng Avance erspillt. Bannent zéng Minutte konnt Déifferdeng duerch de Cabral an den de Taddeo zweemol markéieren an huet dës 4:2-Avance bis zum Schluss gehalen. D’Fola hat keng richteg Äntwert op d’Féierung vun den Déifferdenger. Domat zitt den FC Déifferdeng 03 sech en vue vun der drëtter Plaz richteg gutt aus der Affär.

Déifferdeng klappt d'Fola mat 4:2
Domat zitt den FC Déifferdeng 03 sech en vue vun der drëtter Plaz richteg gutt aus der Affär.

Mat engem 0:0-Remis geet de Match Wolz géint Hueschtert op en Enn. Nodeems den Habbas an der éischter Hallschent een Eelefmeter fir Hueschtert verschoss hat, war et an der zweeter Hallschent d’Haushären, déi d’Féierung um Fouss leien haten. Dem Roselli säi stramme Schoss goung um Enn just op d’Lat an och den Ibrahimovic hat kuerz virum Enn eng riseg Geleeënheet op d’Féierung aus kuerzer Distanz. Béid Ekippe stoungen um Schluss just nach zu 10 um Terrain.

De Racing huet sech beim 4:2 um Cents laang schwéier gedoen. Um Enn stoung awer eng kloer Victoire fir d’Ekipp vum Verluerekascht am Stater Derby. De Racing ass mat engem 2:1-Avantage an d’Paus gaangen, nodeems d’Lokalekipp mat 1:0 a Féierung gaange war. Nom Téi konnt Hamm fir d’éischt ausgläichen, mee de Racing huet nach zwee Goler markéiert.

Bei der 2:1-Victoire vum Swift géint Munneref ass et mat 1:0 fir d’Auswäertsekipp an d’Paus gaangen. De Swift huet all déi dräi Goler vum Match markéiert. An der 35. Minutt war et en Eegegol vum Marques, deen d’Gäscht a Féierung bruecht hat, mee no der Paus hu Stolz a Couturier déi dräi Punkte fir Hesper geséchert.

D’Etzella konnt dräi Punkte vu Stroossen mat Heem huelen a gewënnt um Schluss 3:2. An der Paus loungen d’Gäscht schonn 1:0 vir a konnten no der Paus op 2:0 erhéijen. Stroossen huet sech awer net opginn. Gäscht hunn mat vill Asaz a Kampfgeescht hei opgespillt an dofir huelen si di 3 Punkte mat an den Norden. Et war eng wichteg Victoire fir d’Etzella am Kampf géint den Ofstig.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO