BGL LigueKee Gewënner tëscht Nidderkuer a Rouspert

RTL Lëtzebuerg
Béid Ekippe spillen no intensiven 90 Minutten 3:3-Gläich. Am zweete Match huet Péiteng der Lokalekipp vu Rodange keng Chance gelooss a gewënnt mat 4:0.

Fir den Optakt vum 17. Spilldag an der BGL Ligue stoungen um Samschdeg de Mëtteg 2 Matcher um Programm.

478 Spectateuren zu Nidderkuer koumen e Samschdeg tëscht dem Progrès a Rouspert op hir Käschten. An der 1 Hallschent louch d’Lokalekipp duerch e Gol vum Bohnert mat 1:0 am Avantage. Nom Säitewiessel ass Rouspert besser aus dem Vestiaire komm a konnt an der 48. Minutt den Ausgläich markéieren. An enger intensiver an hëtzeger 2. Hallschent ass Rouspert dunn tëschenzäitlech a Féierung gaangen. D’Lokalekipp ass awer nees zeréckkomm, sou dass sech no enger immens spannender an opreegender Schlussphas Nidderkuer a Rouspert duerch een 3:3-Gläich d’Punkten deele mussen.

Am Match tëscht Rodange a Péiteng war et d’Lokalekipp, déi wuel besser an de Match komm ass, éier Péiteng zwee Gang eropgeschrauft huet. Duerno hu just nach d’Gäscht gespillt a louchen an der Paus duerch Goler vum Pina Gomes, Schaus an Abreu mat 3:0 a Féierung. Rodange ass net vill gegléckt, huet een Eelefmeter laanscht geschoss, a verléiert um Enn doheem mat 0:4 géint eng staark opspillend Péitenger Ekipp.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO