Zanter dëser Saison ass den Dino Toppmöller Trainer vun Eintracht Frankfurt. Säi Co-Trainer ass genee wéi an Diddelenger Zäiten den Erwin Bradasch. De Jeff Kettenmeyer huet nom Conference-League-Match géint Saloniki mat deenen zwee iwwert déi éischt 5 Méint zu Frankfurt geschwat. Donieft geet et och drëms, wéi ee mat Drock um héchsten Niveau ëmgeet. Den Dino Toppmöller erzielt, wéi hien no Diddeleng a Virton e bëssen onerwaart Co-Trainer vum Julian Nagelsmann ginn ass.
Den Erwin Bradasch zielt och, wéi hien haut op d’Europa League mam F91 zeréckkuckt a wat dat deemools bedeit huet.
Am éischten Deel vum Podcast ass den Interview mam Dino Toppmöller, duerno d’Gespréich mam Erwin Bradasch.
An der Drëtter Hallschent goung et dës Woch ëm dem Dino Toppmöller an Erwin Bradasch hir Karriär.