Awer net op d'UCLAD'Isi Etute huet sech fir d'University of Texas decidéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Basketspillerin wäert d'nächst Saison den Trikot vun den Texas Longhorns undoen.
D’Annonce vum Isi Etute op de Soziale Medien
© instagram.com / truly.isi / texaswbb

D’Lëtzebuerger Basketballspillerin Joyce Isi Etute huet annoncéiert, dass si nächst Saison op déi prestigiéis University of Texas zu Austin wäert goen. Nodeems d’Nationalspillerin virun e puer Méint eigentlech annoncéiert hat, op d’UCLA a Kalifornien ze goen, huet d’Etute elo eng aner Decisioun geholl a wäert vun nächster College-Basketball-Saison un den Trikot vun den Texas Longhorns droen.

Déi jonk Nowuessspillerin, déi aktuell op der ING Academy Schoul a Sport kombinéiert, hat vill Offere vun de grousse Colleges an den USA. Austin zielt zu den Top-Universitéiten an den USA, wat d’Basketekipp betrëfft.

Back to Top
CIM LOGO