
D’Jenny Warling huet sech en Donneschdeg op der Karate-Europameeschterschaft zu Guadalajara a Spuenien fir d’Finall an der Klass bis 55 Kilogramm qualifizéiert. D’Finall vun der Europameeschterschaft ass e Samschdeg.
Domadder huet d’Karateka och d’Kritären erfëllt, fir bei den Europäesche Spiller zu Minsk derbäi ze sinn.