
Am nationale Futtball ass den Ament nach bis Mëtt Februar Wanterpaus. Dës Woch ass den Dominik Stolz Invité vum Jeff Kettenmeyer am Podcast Drëtt Hallschent.
De Spiller vum Swift Hesper zitt de Bilan vun der Hironn a kuckt och op 2024 no vir a wien de gréisste Konkurrent op de Championstitel ass.
Zanter 2016 ass hien am Land an huet virun allem och fir den F91 Diddeleng gespillt a schwätzt am Interview iwwert déi zwou Europa League Gruppephasen a wéi et sech ufillt, am San Siro géint den AC Milan ee Gol ze schéissen. Donieft geet et awer och ëm den Ënnerscheed tëscht Hesper an Diddeleng a wéi et ass, fir ee Club ze spillen, deen ee groussen Investisseur hannert sech stoen huet.
De ganze Podcast fannt Dir op RTL Play.
Dës Woch ass de Spiller vum Swift Hesper eisen Invité an der Drëtter Hallschent.
