BundesligaÉischten Asaz vum Tiago Pereira fir Borussia Mönchengladbach

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga huet d'Borussia aus Mönchengladbach e Samschdeg de Mëtteg zu Heidenheim gespillt.
© Val Wagner

Hei stoung den 18 Joer jonke Lëtzebuerger Tiago Pereira fir déi éischte Kéier a senger Karriär am Gol vun der Borussia an ass deemno zu sengem éischten Asaz an der Bundesliga komm.

Ënner anerem mat 4 Paraden huet de Lëtzebuerger Nationalspiller senger Ekipp zum 3:0-Erfolleg verhollef.

De Pereira ass den 10. Lëtzebuerger an éischte lëtzebuergesche Golkipp, deen an der Bundesliga zum Asaz kënnt. Donieft ass hien de jéngsten auslännesche Golkipp ginn, dee jeemools an der Bundesliga gespillt huet.

Bei Gladbach war mam Moritz Nicolas d’Nummer 1 tëscht de Pottoe blesséiert, den zweete Golkipp Jonas Omlin war gespaart.

Back to Top
CIM LOGO